Am Kader vun Esch2022 huet och d'Lëtzebuerger Universitéit verschidde Projeten erageschéckt. Een dovunner heescht "Petite Maison".

Dëse kann een den Ament net nëmmen um Belval bewonneren, mä esouguer och aktiv dovunner profitéieren. Riets geet vun engem klengen Haischen, wat ënner anerem als Kiosk benotzt gëtt.

Et gesäit een d'"Petite Maison" scho vu wäitem. Tëscht der Uni um Belval an dem jeeweilege Parking ass se bannent kierzter Zäit entstanen.

Fir déi geléiert Architektin Carole Schmit, déi sech fir d'Uni dorëms gekëmmert huet, ware bei dësem Projet vill verschidden Aspekter wichteg. Nohaltegkeet steet dobäi awer un éischter Plaz. Esou goufe bewosst d'Materialie fir d'Konstruktioun ënnert dem Motto vun der Nohaltegkeet erausgesicht. D'Haischen, wat virun allem aus Stol, Bëtong an Holz zesummegebaut gouf, soll Enn dës Joers op d'Rees goen an op anere Plazen nees opgebaut ginn. D'Form oder den Design kann dobäi änneren, d'Materialien allerdéngs ginn ëmmer erëm recycléiert.

Dat ganzt Konzept vum nohaltegen Haus geet awer nach méi wäit. Dem Anouk Wies vun der Uni.lu no soll et och e Lieu de rencontre um Uni-Site ginn. Dëse soll net nëmme fir déi 7.000 Studenten an 2.500 Leit, déi op der Uni schaffen, zougänglech sinn, mä och fir de breede Public.

Wat elo déi genee Zukunft, spréch deen nächsten Design oder déi nächste Plaz vun der "Petite Maison" ugeet, do bleift et spannend, well dat eben nach net feststoe géif.