Mir huelen Iech mat op eng Expo iwwer Fraen, déi probéieren, eppes op hir Aart a Weis ze veränneren.

Nach bis Ufank Oktober kann ee sech d'Fotoausstellung an de Parc Laval op Eech ukucke goen: "Local SHEroes". Et ass e Wuertspill aus den englesche Wierder "she", also hatt an "hero", wat Held heescht. Domadder wollt ee weisen, dass et och weiblech Heldinnen aus dem Alldag ginn, déi sech fir e bessert Zesummeliewen an den nërdleche Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg, also Weimerskirch, Beggen, Dummeldeng, Millebaach an Eech asetzen.

Fir dësen 8 Fraen eng Stëmm ze ginn, huet sech d'Carisa Delgado vun der ASTI ASBL eng besonnesch Iddi afale gelooss. Si goufe vun de Schüler Ben Wagner, Sam Kirsch, Lynn Blei an Noa Litvyenko Borgas aus dem Lycée des Arts et Métiers fotograféiert. Doropshi sinn d'Fotoen a Liewensgréisst am Parc Laval opgehaange ginn.

Zu de "Local SHEroes" gehéieren d'Adely Thill, d'Maria Pereira, d'Myriam Schmit, d'Najet Midini, d'Noémie Riefolo, d'Roxana Rodriguez, d'Salimatou Diallo an d'Sandra Pereira Semmar. Dorënner ass ënnert anerem eng Néiesch, eng Kënschtlerin an och eng Infirmière.

Fir d'Reportage hu mir d'Adely Thill als fréier Gerante vum "Cent"-Buttek zu Beggen an d'Noémie Riefolo, déi als Fitness-Coach schafft, begleet.