D'Kulturredaktioun huet eng Selektioun un Theaterstécker erausgesicht, déi an der Rentrée ulafen.

Madame Köpenick am Kasemattentheater - vum 5. bis den 7. Oktober

De Friedrich Wilhelm Voigt war e Schouster aus Ostpreussen, deen an d'Geschicht agaangen ass als den "Hauptmann von Köpenick". An dat wéinst senger spektakulärer Besetzung vum Rathaus an der Stad Köpenick bei Berlin. De 16. Oktober 1906 ass de Friedrich Wilhelm Voigt als Haaptmann verkleet mat enger Grupp Zaldoten do agebrach an huet de Buergermeeschter verhaft an d'Staatskeess geklaut. Eng Aktioun di deemools fir vill Opreegung gesuergt huet an als "Köpenickiade" an déi däitsch Sprooch agaangen ass.

RTL

© Weyer Design

1909 ass den Friedrich Wilhelm Voigt op Lëtzebuerg komm, nodeems hie seng Strof ofgesat huet. Am Komedie-Theaterstéck "Madame Köpenick" vum Guy Helminger ginn ënner anerem d'Ëmstänn, firwat hien zu Lëtzebuerg bliwwen ass, thematiséiert. U sech war de Voigt just op Duerchrees, ma huet dunn awer d'Wittfra Emilie Blum - Bernier kennegeléiert an ass erstaunlech séier bei hir erageplënnert. D'"Madame Köpenick" hat an engem Interview, 1935, gesot, datt de Voigt nach ëmmer gären a senger erfonnter Uniform virun Dier gaangen ass. Bis zu sengem Dout 1922, ass de Friedrich Wilhelm Voigt hei zu Lëtzebuerg bliwwen.

Madame Köpenick
E Mëttwoch den Owend feiert d‘Stéck am Kasemattentheater seng Uropféierung.

D'Reprise vun "Madame Köpenick" gëtt vum 5. bis den 7. Oktober am Kasemattentheater gespillt, mam Brigitte Urhausen an dem Michael Schrodt op der Bün.

Nacht und Träume/ Weltuntergang am TNL - vum 23. bis den 30. September 

RTL

© Bohumil Kostoryz

De Frank Hoffmann bréngt an "Nacht und Träume / Weltuntergang" Film an Text zesummen, déi och thematesch déi nei Saison am TNL aleeden.

"Nacht und Träume" ass dat leschten Tëleesstéck vum bekannten ireschen Auteur Samuel Beckett. 1982 gouf d'Stéck fir de Süddeutscher Rundfunk opgeholl. Et handelt sech ëm e geheimnisvollen Text, an deem d'Elementer vun der Nuecht an dem Dram paradox definéiert ginn.

"Weltuntergang" vum jiddeschen Auteur Jury Soyfer erzielt vun de leschten Deeg vun der Mënschheet. En dramateschen Text, dee viru Krich an dem wuessenden Nationalsozialismus warnt. Am Mee 1936 ass d'Stéck zu Wien opgefouert ginn, ma ass awer schonn 2 Méint duerno erëm ofgesat ginn.

Am Stéck steet d'Mënschheet virun enger kollektiver Katastroph, e Komet ass ënnerwee Richtung Äerd a soll de Planéit komplett zerstéieren. De Professer Guck warnt d'Regierungen, ma déi reagéieren awer net. De Film "Don't look up" deen 2021 an de Kino komm ass, mam Jennifer Lawrence a Leonardo DiCaprio, erënnert staark un dëse Plott.

De Jury Soyfer gëllt haut als e schaarfsënnegen Analytiker deen d'Katastroph prophezeit huet. Den Auteur ass mat nëmme 26 Joer am KZ Buchenwald gestuerwen.

"Nacht und Träume / Weltuntergang" ass eng TNL-Produktioun mam Nickel Bösenberg, Ulrich Kuhlmann, Jean-Paul Maes, Anne Moll an Tatiana Nekrasov.

Die Laborantin am Kapuzinertheater - vum 8. bis den 13. Oktober 

Eng ganz nei Kreatioun ass och "Die Laborantin", eng Produktioun vun de Stater Theateren an dem Staatstheater Mainz.

RTL

© Jeanine Unsen

Bei "Die Laborantin" vum Ella Road gëtt een an eng no Zukunft versat, déi och éischter bedréckend ass. En Text deen op eng alarméierend Manéier vum wëssenschaftlechen a politesche Fortschrëtt schwätzt. Mat engem einfache Blutttest sollen d'Mënschen nämlech hir Liewenserwaardung a méiglech Krankheeten ermëttelt kréien. D'Resultat gëtt mat enger Zuel ausgedréckt a bewäert. Mat där Zuel gëtt dann och gläichzäiteg de soziale Statutt an de perséinleche Raum an deem een sech beweege ka festgeluecht. D'Figuren am Stéck hunn deemno all e genetescht Profil, a jidderee geet op seng eege Manéier mat dëser Kontroll ëm.  Eng vun de Figuren am Theaterstéck ass d'Laborantin Bea. Si léiert an der Klinik den attraktiven an héich bewäerten Aaron kennen. Wat si awer als lukrativ Niewebeschäftegung mécht, dat erzielt si dem Aaron net. Si fälscht nämlech d'Resultater, fir hirer niddreg bewäerter Frëndin Char et ze erméiglechen, fort ze kommen.

Wéi wäit géing ee goen, fir seng eegen Haut ze retten? Wéi wäit géing ee goen, fir enger bestëmmter Klass unzegehéieren? Sou puer vun de Froen, déi am Theaterstéck "Die Laborantin" thematiséiert ginn. D'Koproduktioun mam Staatstheater Mainz gëtt vum Fábio Godinho inzenéiert an op der Bün stinn d'Lis Dostert, d'Rosalie Maes, den Daniel Mutlu an de Vincent Doddema.

Leurs enfants après eux (Episode I & II) am Escher Theater - vum 12. bis de 14. Oktober

Am Escher Theater gëtt ab dem 12. Oktober eng ganz speziell Serie un Theaterstécker gespillt. Et ass eng Serie am wuertwiertleche Sënn, wéi een se och op der Tëlee kennt. Mat "Leurs enfants après eux" kann een eng Adaptatioun vum Nicolas Mathieu sengem bekannte Roman erliewen, an dat a véier Episoden. D'Stéck geet zréck an d'1990er Joren, matten bei d'Héichiewen déi net méi brennen.

Hei gëtt d'Geschicht vun e puer Jonken an hire Familljen erzielt. D'Atmosphär vun dësem Joerzéngt gëtt esou erëm opgelieft: "Smells Like Teen Spirit" vun Nirvana, d'Fussballweltmeeschterschaft vun 1998, Teenie-Geschichten a villes méi. D'Theaterstéck erzielt aus der Memoire vun enger Regioun, net wäit vu Lëtzebuerg, an an all Episode gëtt vun engem anere Summer aus de 90er Joren erzielt. De Projet ass am Kader vun Esch 2022 entstanen an déi éischt zwee Episoden vun der Theater-Serie gi vum 12 bis de 14. Oktober gespillt.

RTL

© Julien Lambert

Episode 1

Été 92 : On s’emmerde grave, non ?

Episode 2

Été 94 : J’ai vraiment morflé !

D'Inzenéierung ass vum Bach-Lan Lê-Bà Thi, Carole Lorang an Éric Petitjean an gespillt gëtt vum Valérie Bodson, Pauline Collet, Jonathan Christoph, Joël Delsaut, Laëtitia Galy, Mehdy Khachachi, Nora Koenig, Éric Petitjean, Jules Puibaraud, Paul Robert, Thibault Sartori an Tatia Tsuladze.