Wann et ëm den neie Bond-Film geet, dann hale sech d'Realisateure gären zréck. Mä eppes ass sécher. Am neie Film wäert den 007 fir de Kinnek am Asaz sinn.

D'Barbara Broccoli, eng vun de Produzentinne vun der beléifter Action-Film-Serie, huet der AFP géigeniwwer matgedeelt, datt een nach net ugefaangen hätt, iwwert den neie Film ze diskutéieren. Esou géif een och nach net wëssen, wien den Daniel Craig als neien Haaptduersteller ofléise géif. Allerdéngs wier ee sech iwwert een Detail eens, an zwar, datt ee mat der Zäit géif matgoen, soudatt den 007 vun elo u fir säi Land souwéi fir säi Kinnek schaffe géing. Domadder beaflosst den Doud vun der Queen Elisabeth II. net nëmmen déi alldeeglech Welt, mä och Hollywood.

Weider betount d'Broccoli, datt een net op de Verdéngschter raschte wäert, mä datt ee mam James Bond ëmmer nees eppes Neies probéiere wéilt. Dëst wier een de Leit, déi sech zënter Jore fir de brittesche Geheimagent begeeschteren, schëlleg, heescht et vum Produzent Michael Wilson am Kader vun enger Pressekonferenz. De leschten James-Bond-Film ass jo réischt 2021 an de Kino komm, dëst nodeems d'Publikatioun wéinst der Covid-Pandemie ëmmer nees no hanne verluecht gouf.