Nieft traditiounsräiche Konschtveräiner wéi dem Cal oder dem Lac huet och den Arc seng fest Plaz an der Konschtzeen fonnt.

Zanter e Freideg stellt de Kënschtlerkrees, deen 2019 seng 60 Joer gefeiert hat, an der Galerie "A Spiren"zu Stroossen aus. Méi wéi 30 Kënschtler presentéieren dem Public hei quasi all d'Techniken vun der plastescher Konscht.Ganzer 97 zäitgenëssesch Wierker ginn et also ze entdecken. Genee wéi d'Kënschtler vum Arc stinn och déi vill Exponaten an engem Dialog mateneen.

Ënnert deene ville Kënschtler ass och de Rol Backendorf. Hie kreéiert Skulpturen aus verschiddene Metaller a präsentéiert dem Visiteur an dëser Ausstellung ënnert anerem zwee ganz nei Wierker.

Déi 37 ausgestallte Kënschtler an hir Kreatioune weisen eng Villfalt un individuelle Siichtweisen, ma och eng grouss Diversitéit u Gestaltungsméiglechkeeten.

D'Ausstellung leeft nach bis de 9. Oktober vu Mëttwochs bis Sonndes vu 15 bis 19 Auer.