D'Ausstellung besteet aus véier Deeler an 43 Gittaren aus dem Sammler Luc Henzig senger privater Kollektioun.

Ugefaangen huet dat Ganzt fir hien, wéi 1972 e Kolleeg den Album "Led Zeppwelin II" vun der brittescher Rockband Led Zeppelin op engem Plackespiller zu Zéisseng an der Turnhal ofgespillt huet. Seng Passioun, fir alles wat mat Rock'n'Roll ze dinn huet, war gebuer. Ufanks huet de Luc Henzig ënnerschriwwe CD'e gesammelt, ier hien dunn op ënnerschriwwe Gittare eriwwerkomm ass.

An der Tëschenzäit huet hien iwwer 700 Objeten a senger Kollektioun. Ronn 500 dovunner si Gittare vu méi oder wéineger bekannte Museker uechter d'Welt. Wichteg wier him virun allem, d'Geschicht hannert dem Instrument. "Wann ech eng nei Gittar kafen, da sichen ech och déi ganz Geschicht no. Fir mech, muss eng Gittar eng Geschicht hunn, entweder als eenzegaartegt Instrument, wat ee gebaut huet oder et ass vun engem Museker esou agesat ginn, dass et eng flott Geschicht ergëtt", sou de Luc Henzig.

Sou fënnt een da Gittare vu Musekslegenden ewéi dem Gary Moore, Rich Robinson ("The Black Crowes"), Joe Bonamassa a vill méi am Luc Henzig senger Kollektioun. Geschenkt wier dës Passioun definitiv net. "Präisser sinn ofhängeg vun der Offer an der Demande. Hei si lauter Eenzelstécker an hei geet et drëms, wat ee bereet ass op den Dësch ze leeën, fir eppes ze hunn", seet de Luc Henzig. "Dofir sinn d'Präisser, déi ech bezuelt hunn, net onbedéngt representativ fir d'Valeur um Marché. Verschidde Gittare si fir mech och emotional esou wäertvoll, dass ech villäicht e bësse manner dann op de Präis gekuckt hunn, ewéi zum Beispill déi vum Alan Wilson, dee mat senger Band "Canned Heat" mat där Gittar um Woodstock gespillt huet."

Dem Luc Henzig säin Zil wier et awer ni gewiescht, nëmme Gittaren ze sammelen, mä och, hinnen en zweet Liewen ze ginn. Eng Method, wéi hien dat mécht, ass duerch esou Projeten ewéi d'Ausstellung "Live, breathe and sleep guitars" déi nach bis den 9. Oktober am Kulturzenter "Skip" zu Esch-Belval leeft. Thema vun der Ausstellung ass net nëmmen d'Geschicht vun der elektrescher Gittar, mä och verschidde musikalesch Momenter déi de Luc, an deemno och seng Kollektioun iwwer d'Jore gepräägt hunn.

Niewent der Ausstellung goufen och eng Rëtsch Kanneratelieren a Concerten organiséiert a mat Lëtzebuerger Museker kollaboréiert. Sou konnten zum Beispill de Fred Barreto a Patrick Miranda sech jeeweils dräi Gittaren aus der Ausstellung aussichen an op Lidder, déi fir Esch2022 gemaach goufen, improviséieren.

Méi Informatiounen zum Projet an deene verschiddenen Evenementer ginn et hei.