De Museker, dee laang a Compton a Kalifornien gelieft huet, war virun allem an den 90er Joren eng Force a senger Branche.

Dem Artis Leon Ivey Jr, wéi de Coolio mat biergerlechem Numm geheescht huet, ass zu Los Angeles gestuerwen. Säi Manager huet säin Doud e Mëttwoch confirméiert, eng Doudesursaach ass allerdéngs nach net bekannt.

De Coolio wier e Mëttwoch an engem Frënd sengem Haus an der Buedzëmmer opfonnt ginn. Do war hie vu sech, esou säi Manager.

Dem Coolio seng Musekskarriär huet schonn an de spéiden 80er Joren ugefaangen, mee richteg etabléiert huet hie sech eréischt am Joer 1994, wou hien een Deal mat Tommy Boy Records ënnerschriwwen huet. Mat "Fantastic Voyage" an "It Takes a Thief" huet hie sech séier en Numm gemaach. Ma sengem Hit "Gangsta's Paradise, deen och als Soundtrack am Film "Dangerous Minds" mam Michelle Pfeiffer genotzt gouf, ass hien 1995 schliisslech weltberüümt ginn.

D'Schauspillerin huet an de soziale Medie mat Schock op den Doud vum Rapper reagéiert. "E Liewen, dat ze kuerz war". Och nach 30 Joer méi spéit géif si ëmmer nach Héngerhaut kréien, wa si dem Coolio säin Hit "Gangsta's Paradise" géif héieren.

De Rapper Vanilla Ice, deen och an den 1990er bekannt gouf, konnt d'Noriicht vum Coolio anscheinend och nach net richteg faassen: "Ech dréien duerch, ech hu grad héieren, datt mäi gudde Frënd Coolio gestuerwen ass."