"Freaks Out" ass en atypeschen italienesche Film, eng wëllkomm Ofwiesslung an der Kinoslandschaft, déi vun Hollywood-Comicbuch-Verfilmunge regéiert gëtt.

Véier ganz verschidde an atypesch Kreature mat spezielle Fäegkeeten, sougenannte "Freaks", trieden an engem klengen Zirkus uechter Italien als Attraktioun op.  Matten am Zweete Weltkrich wëll den Direkter mam Numm Israel mat senge 4 Akolythen an Amerika ausreesen, fir den Nazien ze entkommen. Wärenddeem hie versicht, u falsch Pabeieren ze kommen, gëtt hien agefaangen an deportéiert. Déi 4 "Freaks" sinn deemno an de Ruine vu Roum op sech eleng gestalt. "Freaks Out" ass eng italienesch-belsch Koproduktioun, déi 13 Milliounen Euro kascht huet. An deem Sënn ronn 20 Millioune manner wéi eng Duerchschnëtt-Marvel-Produktioun, déi jo mëttlerweil zum Moossstaf vun den Hollywood Blockbuster gi sinn. Dem Realisateur Gabriele Mainetti ass deemno e reegelrecht Konschtstéck gelongen, an deem hien en Action-Epos, dee sech am Zweete Weltkrich ofspillt a wou alles sech ëm atypesch Superhelden dréit mat enger scheinbar onendlecher Fantasie an Zeen gesat huet. Sécherlech sinn d'Spezialeffekter net op engem vergläichbaren Niveau, wéi dat an der Dramfabrick de Fall ass, ma a Punkto Erzielung, Innovatioun, Reverenz un d'Kinosgeschicht a puer Emotiounen ass "Freaks Out" alle Marvel Filmer wéit iwwerleeën.