Der brittescher Kënschtlerin hir Konscht, kann ee sech den Ament am Mudam ukucken. Dobäi weess si duerch den Asaz vu verschiddene Medien z'iwwerzeegen.

Am Mudam gesäit een den Ament der brittescher Kënschtlerin Tacita Dean hir Wierker. Zënter den 1990er Jore schafft si un engem ëmfangräiche Gesamtwierk, dat sech net just op ee Medium konzentréiert. Film, Fotografie, Zeechnung, Collage a villes méi fënnt sech an hirem Repertoire. Ma och thematesch ass hir Aarbecht breet gefächert.

Déi brittesch Kënschtlerin fäert net ze experimentéieren. Hir grouss Diversitéit un Technike kann een den Ament an der Ausstellung am Mudam an zwou Galerien entdecken. Mat hirer Konscht stellt si Welten zesummen, déi net solle vergiess ginn, mam Fokus op déi analog Medien:

"Haut si mir ëmgi vun digitale Biller an d'Tacita Dean resistéiert deem an enger Aart a Weis. Si ass immens mam analoge Bild verwuerzelt, sief et an der Fotografie oder am Film. Si setzt sech deemno staark fir d'Erhale vun dësen Techniken an. Fir d'Tacita Dean ass et wichteg, datt déi analog Medien net einfach esou solle verschwannen, well se sinn awer wichteg a sinn en Deel vun der Geschicht vum 20. Joerhonnert."

Eng Galerie fokusséiert sech ganz op d'Wierker, déi si fir de Ballet The Dante Project fir d’Royal Opera House zu London realiséiert huet. Sou och dat monumentaalt Wierk mam Titel Inferno:

"Am Bild weist d'Tacita Dean wei dem Dante seng Virstellung vun der Hell ass. D'Hell besteet fir den Dante net aus Feier, mee et ass an deem heite Fall eng Landschaft mat Bierger, déi op der Kopp stinn. Wat och interessant um Bild ass ass, datt et dat gréisste Bild ass, dat d'Tacita Dean bis elo gemaach huet. Et ass 12 Meter laang an d'Bild ass als Hannergrond benotzt ginn, fir en Deel vum Ballet."

Fir de Mudam ass d'Tacita Dean, déi gebierteg aus Canterbury kënnt, eng wichteg zäitgenëssesch Kënschtlerin an dat net just wéinst hirer Maîtrise vun de verschiddene Medien, ma och wéinst de villen Themen, déi si matbréngt.

"D'Tacita Dean ass op deem Niveau eng erstaunlech Kënschtlerin. Si verschafft déi verschidde Medien an Disziplinnen op eng immens präzis Manéier an huet dobäi ëmmer e roude Fuedem. D'Fro vun der Zäit, e perséinleche Lien an d'Geschicht vun der Mënschheet fanne bei hir eng Plaz."

Der Tacita Dean hir Konscht reest tëschent der Vergaangenheet an haut, de Fakten an der Fantasie, der Dokumentatioun an der Fiktioun an esou ass bei hire Wierker villes net esou, wéi et op den éischte Bléck schéngt.