Déi brittesch Popband Depeche Mode huet 4 Méint nodeems hire Keyboarder gestuerwen ass, en neien Album an eng nei Tour ugekënnegt.

Den neien Album mam Titel "Memento Mori" wier souwuel vum Verloscht vum Andrew Fletcher Enn Mee, wéi och vun der Pandemie inspiréiert, sou de Sänger Dave Gahan en Dënschdeg géintiwwer de Journalisten zu Berlin. No méi wéi 5 Joer wéilt d'Band vu Mäerz nächst Joer un nees on Tour goen, ugefaange mat den USA.

An Däitschland wëllen de Gahan an de Martin Gore Enn Mee 2023 zu Leipzig, Düsseldorf, München, Frankfurt am Main a Berlin optrieden, nieft nach Bern an der Schwäiz a Klagenfurt an Éisträich. "Mir dierfe Musek maachen a Musek fir iech spillen", sou de 60 Joer ale Sänger. Hien hofft, dass d'Band e klenge Bäitrag fir méi Freed an Zesummenhalt an der Welt, an där et stänneg Opreegung gëtt, leeschte kann.

Et ass déi 19. Tournée an de 15. Album fir Depeche Mode. Fir d'lescht war 2017 "Spirit" erauskomm. Hir gréissten Hits wéi "Personal Jesus" oder "Enjoy the Silence" hat d'Band an den 80er an de fréien 90er. Am Ganzen hu si méi wéi honnert Milliounen Albe verkaf a goufen 2020 an der Rock and Roll of Fame opgeholl.