"Rebel" vum Adil El Arbi, Bilall Fallah
Rebel, eng Lëtzebuerger Koproduktioun, beschäftegt sech mam Daech-Terrorismus an dem Krich a Syrien.
Den zwee jonke belsche Realisateuren Arbi a Bilall ass et virun zwee Joer zu Hollywood gelongen, de Blockbuster "Bad Boys For Life" mam Will Smith ze dréinen. Zeréck an der Belsch hu si elo a Koproduktioun ënnert anerem mat der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Calach Films "Rebel" realiséiert, e spektakuläre Film, iwwert den Daech-Terrorismus an de Krich a Syrien.
De Kamal ass entsat vun deem, wat a Syrien geschitt. Hie seet sengem jonke Brudder Nassim Äddi an zitt vu Molenbeek Richtung Rakka, fir do ze hëllefen. Op der Plaz gëtt hie vun Daech als Kameramann ëmbrigadéiert a seng grujeleg Biller ginn duerch d'Welt. De Nassim verlaangert no sengem Brudder, besonnesch nodeems radikal Islamisten hien iwwerzeegt hunn, dass säi Brudder keen Terrorist, mä en Held ass. D'Mamm setzt elo alles drun, fir net och hiren zweete Bouf ze verléieren.
Déi dräi verschidden Handlungssträng vu "Rebel": d'Rekrutéierung zu Molenbeek vu jonke Mosleme fir dem Dschihad, d'Schicksal vum Kamal a Syrien an de Kampf vun der Mamm, fir hir zwee Bouwen ze retten, si schonn eenzel a verschiddene Filmen, wéi zum Beispill an den Dardenne-Bridder hirem "Le Jeune Ahmed" behandelt ginn. "Rebel" bréngt hei all déi Thematiken zesummen an engem spannenden, spektakuläre Film, ouni dass dobäi d'Komplexitéit an d'Tragedie vun der Situatioun verluer geet. Déi ganz Hollywood-Erfarung vun den zwee Realisateure kënnt hei voll zur Geltung, op emotionalem Plang, a besonnesch an de rasant gefilmten Action-Zeenen, och wann et villäicht heiansdo u Nuancë feelt. An se bréngen et och nach fäerdeg, Musical-Zeenen harmonesch matzen an déi tragesch Geschicht anzebauen. "Rebel" ass en ausgefalenen, gewoten a fulminante Film, wéi een der seelen am Kino gesäit.