Och am Wakanda Forever geet et ëm d'Iwwermuecht vun de globale Superpowers, ma et ass virun allem en Hommage un de verstuerwenen Acteur Chadwick Boseman.

2020 ass den Acteur Chadwick Boseman, deen zwee Joer virdrun am Kostüm vum Marvel Comic Held Black Panther weltbekannt gouf, verstuerwen. Trotzdeem kritt och de wuel interessantste Marvel-Held eng Suite an de Kinoen, déi awer ganz am Zeeche vum Hommage un den allsäits beléifte Boseman ass. De Loïc Tanson war sech de Kinotipp Wakanda Forever ukucken.

De Kinnek T’Challa ass net méi. Trotz all de Beméiunge vu senger Schwëster, fir hie virun enger seelener Häerzkrankheet ze retten, ass de Black Panther gestuerwen. Seng Mamm d'Kinnigin Ramonda a seng jonk Schwëster Prinzessin Shuri versichen den Doud vum T’Challa ze verschaffen, ma eng nei néi obskuer Muecht, déi an den Déifte vum Ozean verweilt, wäert de Weltfridden op d'Spill setzen an am Shuri onerwaarte Gefiller vun Haass a Revanche ausléisen.

Den éischte Black Panther Film aus dem Joer 2018 war wuel den aussokräftegste Marvel-Film, dee Joerhonnerte vu Kolonialismus an déi kapitalistesch Exploitatioun vun den natierleche Ressourcen an Afrika op Käschte vu ganzen eenheemeschen Zivilisatiounen op ënnerhalend Manéier verurteelt huet. 4 Joer méi spéit sinn déi selwecht Themen ëm d'Iwwermuecht vun de globale Superpowers nach ëmmer aktuell a present. Ma Wakanda Forever ass awer virun allem e respektvollen Hommage un de verstuerwenen Acteur Chadwick Boseman. Net nëmmen a senger ganz beréierender Introduktioun genee wéi am Epilog, gëtt d’Erënnerung un de Boseman geéiert. Ma seng Presenz ass uechter de ganze Film spierbar. Wakanda Forever ass awer virun allem en Actionfilm mat fantasteschen an epesche Krichszeenen, an deem d’Geschicht an Dréibuch nawell dënn gestréckt sinn, ma wou d’Actrice Letitia Wright dem Superheld Black Panther eng nei a staark Dimensioun gëtt.