Et ass deen afrikanesche Museker, deen et fäerdeg bruecht huet, d’Musek vu sengem Land am Rescht vun der Welt populär ze maachen.

De Youssou N’Dour war fir d’éischt Kéier an der Philharmonie. An iwwer 1.000 Leit hunn do e memorabelen Owend erlieft.
Et gëtt Owender, do bräichte keng Still an der Philharmonie ze stoen, jo dann hënnere se carrement. De Youssou N’Dour ass net opdrénglech, mee hie bréngt et fäerdeg  - mat senger Band natierlech – fir dass d’Leit sech relativ séier wuel fillen. Kloer, de Fait dass vill Senegalesen am Sall waren, huet och derzou bäigedroen, d’Stëmmung ze hiewen. Ënnert de Visiteure ware vill Jonker, déi den Ufank vum Youssou senger Carrière viru 40 Joer net materlieft hunn. De Plus vum senegalesesche Museker ass, dass hien iwwert Generatiounen ewech ka faszinéieren an impressionéieren. Hie versteet et, d’Leit zesummen ze bréngen a sengem Message nozelauschteren.

De Youssou N’Dour ass e politesch a sozial engagéierte Mënsch. Hie war eng Zäit Minister am Senegal well hien wollt Saachen veränneren an hien setzt sech fir eng méi gerecht Welt an. Dobäi huet e gemierkt, dass hien seng Zieler besser iwwer Musek erreeche kann wéi hannert dem Büro.  Hie gëtt net op, och wann mer keng roseg Zäiten liewen.

D’Musek ass net en Deel vum Liewen, d’Musek ass d’Liewen: Sou gesäit den Youssou N’Dour et. An dat konnt een an der Philharmonie ganz kloer erliewen.