Déi véierkäppeg Band ass am November mat hirer "Yellow Ether Tour" ronderëm komm. E Freide spille si hir gréisste Show vun der Tour an der Kulturfabrik.

Nodeems se schonn an Island an Däitschland opgetruede sinn, leet d'Band elo e Stopp zu Esch an. Hei spille si net nëmmen hir gréisste Show, mä presentéieren an engems eng ganz nei Zeenographie. Den nämmlechten Dag kënnt dann och déi zweet Single vun hirem annoncéierten Album "Reality Management LTD" eraus. D'Lidd deelt säin Numm mat hirer aktueller Tour: "Yellow Ether".

Hei e kuerzen Interview mat der Band

Ëm wat geet et an dëser zweeter Single?

Eise Bassgittarist, Yann Gengler, huet ausgangs 2020 e Lidd iwwer eise fréieren Drummer Kay geschriwwen, deen deen Ament aus der Band ausgetrueden ass. Dee Song hu mir du mat engem Track vermëscht, dee vun enger Bezéiung geschwat huet an där och méi déif Diskussioune gefeelt hunn. D'Resultat vun deem Mix ass "Yellow Ether". Dowéinst kann een d'Single als eng Zort Collage vu verpassten Diskussiounen ugesinn.

"Yellow Ether" ass jo eent vun de Lidder vun ärem Album "Reality Management Ltd.", deen den 28. Abrëll erauskënnt. Wat kënnt dir eis iwwer den Album zielen?

Mir liewen an enger Zäit vun "Echo Chambers", wou jidderee just dat héiert, wat bei seng eegen Iwwerzeegunge passt. Dowéinst wollte mir een Album maachen, an deem mir alternativ Usiichten a Realitéiten diskutéieren. Den Titel vum Album ass "Reality Management Ltd.". Dat ass eng Organisatioun, déi frustréierte Clienten alternativ Realitéite verkafen. All Lidd um Album ass de Soundtrack vun engem Client senger neier Realitéit an déi Geschicht gëtt deelweis duerch d'Lidder, deelweis duerch e Kuerzfilm gezielt, deen an d'Plaz vu Museksvideoen erauskënnt. Allgemeng geet et am Album ëm feelend Konversatiounen, bezéiungsweis Diskussiounen, déi polariséieren, sief dat op perséinlechem oder gesellschaftlechem Niveau. Gläichzäiteg ginn et um Album awer keng kloer Singlen. Et war eis méi wichteg, e Sound-Spektrum fir an duerch den Album ze kreéieren. Dowéinst zéie sech verschidde Sounds och duerch de ganzen Album. Anerer kreéiere Kontraster, eventuell duerch d'Zesummesetzung oder Approche vum Track. "Yellow Ether", zum Beispill, gëtt e Virgeschmaach fir déi méi elektronesch Säit vum Album.

Wisou hutt dir iech géint de klassesche Museksvideo-Format entscheet?

Mat eiser leschter EP hu mir eis zimmlech krass an de Prozess vum Video-Dréie verléift. Dowéinst wollte mir den Album nëtzen, fir dës nei Passioun weider ze verdéiwen. De musikalesche Kuerzfilm kënnt a sechs Deeler eraus. All Deel an all Single steet fir eng Realitéit oder eng Commande vun engem Client. Gläichzäiteg gesi mir och hannert d'Kulisse vun der Firma, wou et ëmmer méi z'eskaléiere schéngt...

Äre Release-Dag ass den nämmlechten Dag wéi och déi gréisste Show vun ärer "Yellow Ether Tour". Wat kënne mir eis vun der Show erwaarden?

De Freide brénge mir u sech den Album fir d'éischte Kéier op d'Bün. Mir spillen d'Hallschecht vum Album, also och vill Lidder, déi nach guer net raus sinn. Natierlech wäerten awer och vill al Tracks ze héiere sinn. Fir dës Occasioun hu mir, zesumme mat eisem gudde Kolleeg Noah Fohl, e komplett neit Bünebild kreéiert an eng nei Luuchte-Show ausgeschafft. Mat dobäi sinn och YUUN, déi mat eis op Tour ginn, den Edsun an den DJ-Duo Bartlebeegees.

Méi Informatiounen an Tickete fir d'Show vun e Freide ginn et um Site vun der Kulturfabrik.