Bei der Stee vun de fréien, manner bekannte Wierker, déi am Besëtz vum Andy Warhol senger Famill sinn, koum nawell e Batz Suen zesummen.

Fir 491.000 Dollar - ëmgerechent 472.000 Euro - huet ënner anerem de Selbstportrait "Nosepicker 1: Why Pick on Me" vum 1987 verstuerwene Warhol bei der Stee en Dënschdeg zu New York de Proprietär gewiesselt. Weider 315.000 Dollar huet d'Bild "Living Room" abruecht. Béid Wierker stamen aus dem Joer 1948, wéi de Warhol nach Konschtstudent zu Pittsburgh am US-Bundesstaat Pennsylvania war.

Dem Neveu vum Kënschtler James Warhol no, de Fils vum Warhol sengem eelste Bruder, wëll seng Famill am Ganzen 10 Wierker versteeën, déi zanter ronn 70 Joer an hirem Besëtz sinn. Dës wieren zwar manner berüümt, wieren awer "immens seelen" a kéinte besonnesch Warhol-Sammler interesséieren.

Dem Auktiounshaus Phillips no wiere béid elo versteet Biller bal verluer gaangen, wéi den Auto vun der Famill inklusive der exzeptioneller Konscht an de 70er Jore geklaut gouf. Spéider goufe de Won erëmfonnt a mat him déi onbeschiedegt Wierker.