De Mënsch vun der Zukunft ass e Sujet, iwwert deen sech de Mënsch schonn ëmmer de Kapp zerbrach huet... Ma wéi denkt een 2022 doriwwer no?

Iwwert de Mënsch vun der Zukunft beschäftegt sech dëst Joer de World Philosophie Day, deen et iwwregens schonn zënter 2005 gëtt an deemools vun der UNESCO an d’Liewe geruff ginn ass. An deem Kader wäerten eng Partie Seminären, Rieden an Ausstellungen zu Paräis ofgehale ginn, dëst vum 16. Bis den 18. November. Ma wat fir Froe ginn hei vun der zäitgenëssescher Philosophie opgeworf, dat an engem globale Kontext vu Krich an Pandemie, deen d’Fro vum Mënsch a senger Zukunft nees vill méi an de Kontext geréckelt huet? Doriwwer huet den David Winter mam Philosoph a Professer Jean Luc Thill geschwat.

De Weltdag vun der Philosophie - Reportage David Winter

D’Kär-Iddi hannert dësem Dag, respektiv dëse puer Deeg ass et, fir d’Philosophie an der Entwécklung vum mënschlechen Denken an den eenzelen Kulturen an och bei all eenzelem Mënsch, z'ënnersträichen. D’Philosophie hëlleft einfach, eis selwer, eis Matmënschen an eis Ëmwelt besser ze verstoen.

Den Dag vun der Philosophie soll also dës Disziplin nees méi an den Zentrum réckelen, an hei géifen et och konkret Aktivitéiten zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, sou de Philosoph a Philosproff Jean-Luc Thill: "Lëtzebuerg huet eng Partie "UNESCO"-Schoulen, déi da probéiere via Homepage oder via intern Aktivitéite probéieren deen Dag fir d’Jugend e bëssen an hiren Alldag ze kréien. An op der anerer Säit hu mer elo, wéi zu Lëtzebuerg, d’UNESCO, déi och de Schiermpatroun vun de philosopheschen Olympiaden, souwuel national wéi och international ass. Dat heescht do hu mer och all Joer sou ze soen e Lien an déi Welt, déi mat deem Dag am Fong e bëssen zesummenhänkt."

De Mënsch vun der Zukunft ass e Sujet, iwwert deen sech de Mënsch schonn ëmmer de Kapp zerbrach huet an och zu enger vun den zentrale Froe vun der Philosophie gehéiert. Ma wat sinn d’Froen, déi een sech 2022 heizou stellt: "Am Moment stelle mer eis all déi Fro vun engem gudde Liewen, virun allem engem Liewen a Fridden, a Kooperatioun an am géigesäitegem Respekt vun all deenen Diversitéiten, déi mer hunn op eisem Planéit. A mir stellen eis och déi Fro, wann een elo kuckt no där Pandemie, och elo vun der Begrëfflechkeet, wéi gi mer mat esou Phenomener ëm."

Eng wieder wichteg Fro ass déi vun der Solidaritéit, sou de Jean-Luc Thill wieder, also am Kontext vun den neien Technologien, déi de Mënsch ëmmer méi zu engem isoléierten Individuum maachen mat engem Apparat am Grapp, wéi dass wierklech zesummen diskutéiert gëtt. D’Digitaliséierung gesäit de Jean-Luc Thill da positiv, ma nëmmen ënnert bestëmmte Viraussetzungen: "Well een einfach gesäit, et kann ee sech vu ville Prozesser befreien, op der anerer Säit ass awer e grousse Risiko do, wann dat an déi falsch Hänn geréit, wéi een do kann eng Kultur a Gefor bréngen. An op der anerer Säit ass natierlech nach méi déi Fro, wat ass dann iwwerhaapt eigentlech Mënschlechkeet."

Hei ass natierlech d’Thema kënschtlech Intelligenz, déi och am gläichen Otemzuch misst genannt ginn. Hei ass et d’Fro, wéini an ënnert wéi enge Konditiounen eng Maschinn als Mënsch kéint ugesi ginn. Den Honger, Dout an de Krich, sinn, wéi een aktuell gesäit, leider nach ëmmer present, ma de Stellewäert fir de Mënsch hätt sech awer an de leschte Jore massiv geännert, sou dass anescht driwwer nogeduecht gëtt.