Pneuen déi quiitschen, vill Adrenalin an de Geroch vu Bensinn, deen duerch déi grouss Leinwand am Kino sickert...

Dat kléngt verdächteg no engem neie Volet vun der FAST & THE FURIOUS Saga. Ass et awer net. Den extrem spektakuläre Film RODEO ass eng franséisch Produktioun déi sech guer net virun Hollywood muss verstoppen. Ganz am Géigendeel.

D’Julia ass Eenzelgängerin a weess sech ze debrouilléieren. Hatt zockt Leit op gekonnte Manéier of, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Déi jonk an energesch Fra, déi näischt fäert, ass begeeschtert vu Motorrieder. D'Julia trëtt als eenzegt Meedchen enger geheimer an illegaler Band vu Motocyclisten bäi an ass iwwerzeegt hei endlech seng Platz an der Gesellschaft fonnt ze hunn,  bis en Accident seng Positioun an dëser Grupp a Fro stellt.

Der Realisatrice Lola Quivoron hiren éischte Film RODEO ass gläichzäiteg fragil a voller Selbstvertrauen. Dës eemoleg a brutal Tragedie krut um renomméierte Festival vu Cannes dëst Joer de Präis fir de "Coup de Cœur du Jury" an der Kategorie "Un Certain Regard".

E Präis dee keen Zoufall ass. RODEO inspiréiert sech engersäits um amerikanesche Kino an zitt anersäits Referenzen zu rezente franséische Auteursfilmer. Dës spannend Saga an där modern "Asphalt-Cowboyen" am Mëttelpunkt stinn, gëtt vun enger nervöser ma extrem energescher Kamera ugefouert. Eng intim Kamera, déi un hirer Haaptprotagonistin pecht. An der Haut vun enger Fra déi keng Männer an hirem Liewe brauch, enger Kämpferin déi e reegelrecht Sännbild vun der Fräiheet ass, geléngt der Actrice Julie Ledru  e fantasteschen Debut op der grousser Leinwand.