De Festival "Rainy Days" gëtt et schonn zanter 22 Joer. Zanter der Grënnung huet e säin Doheem an der Philharmonie.

Et geet drëms, zäitgenëssesch Musek a Komponisten dem Public méi no ze bréngen. Den 1. Concert dëst Joer war en éischter ongewinnt Zesumme-Spill: Perkussioun an Uergel.

Bis den 27. November kann een ongewinnte Kläng op sech awierke loossen. Utopesch a visionär Sphäre ginn dëst Joer ugebueden. Dobäi erlieft een eng ganz Panoplie vun Instrumenter a Genren, déi op ganz ënnerschiddleche Plaze presentéiert ginn. Cinéconcert, workshop, Kannerprojeten, Klanginstallatiounen, Orchester, Musekstheater, et ass fir jiddereen eppes dobäi.

De Festival bestellt och all Joer nei Kompositiounen an et huet sech erëmgeschwat, dass et zu Lëtzebuerg e Festival gëtt wou zäitgenëssesch Musek inzenéiert gëtt.