Zu Walfer sinn Editeuren, Auteuren a Lieser beienee komm an hunn déi beschte Wierker vum Joer geéiert.

Dësen Donneschden ass de renomméierte Lëtzebuerger Buchpräis verdeelt ginn. D'Coupe a Form vun engem Pabeierfliger gouf an de Kategorie Literatur-, Kanner- a Saachbicher verginn. D'Auteure konnten awer och op de Publikumspräis hoffen.

Op der 27. Editioun vum Lëtzebuerger Buchpräis konnt de Pit Schlechter mat sengem Wierk "De Fléiepëlz" de Jury begeeschteren an huet de Literaturpräis gewonnen. Säi gefilltent a geféiltent Spill mat der Sprooch grad ewéi de kritesche Bléck op eis Kultur hunn em den Zouschlag ginn. E Spill, wat en och op der Iwwerreechung duerchschénge gelooss huet.

"Zäitgeméiss misst ech jo lo soen: "WOW". Mäi Papp hätt warscheinlech gesot Donnerwetski oder Hakerstiwwel oder esou eppes. Déi Generatioun virdrun hätt eventuell Kremateng oder eppes an der Richtung. Mir Aler hu gesot "Vrécks de net, dat hätt ech net geduecht."

RTL

Den Auteur war ganz frou iwwert d'Éier, déi em zougesprach ginn ass. En ass awer net gehetzt fir weider Bicher ze schreiwen:

"Ech hu méi wéi 70 Joer gebraucht fir eent ze maachen, wann dat nächst grad esou laang dauert, mengen ech da musse mer nach e wéineg waarden."

De Gewënner an der Kategorie Sachbuch ass "Luxembourg-Lorraine au Moyen-Age" vum Philippe Stachowkski a Jean-Marie Blaising. "Le difficile chemin vers la grande ville, regards croisés sur l'oeuvre de Paul Retter" vum Robert Philippart a Christian Aschman krut den Design-Präis.

Besonnesch erausgestach huet d'Buch "Watgelift", dat direkt zwee Präisser ofgeraumt huet. D'Auteuren Isabelle Hilde an den Andréi Clontea hunn de Jury op hir Säit gezunn an de Präis an der Kategorie Kannerbuch konnten huelen. Och de Public war begeeschtert an huet déi zwee Auteuren um selwechten Owend nach eng zweete Kéier gekréint.

Déi ganz jonk an nei Auteure ware ganz iwwerrascht an aus dem Haische wéinst deem ville Luef:

"Immens frou a glécklech, stolz, ech géif soen trotzdeem eng Iwwerraschung. Et hofft een natierlech dass een e Präis géif gewannen, mee et ass trotzdeem fir mech eng Iwwerraschung."

"On n’a rien à voir avec la litérature alors que ce soir on a volé deux prix, donc bien sûr on est excité, je suis content."

De Lëtzebuerger Buchpräis war den Optakt fir d'Walfer Bicherdeeg dëse Weekend. De Festival fir jonk an al ass déi perfekt Geleeënheet fir deen en oder aneren Auteur eventuell perséinlech ze gesinn a sech säin Exemplaire vum Buch signéieren ze loossen.