D’lescht Woch war de Selectiounscomité vum nationale Filmfong beieneen. Do gouf decidéiert, dass 17 weider Projeten wäerte finanziell ënnerstëtzt ginn.

Entweder an der Produktioun, oder awer och scho beim Schreiwe vum Dréibuch oder dem Developpement vum Wierk, dat fir e Montant vun 12,14 Milliounen €.

Am Ganze kréien 10 Filmer, 2 Animatiounsfilmer, 2 Dokumentarfilmer, 1 Serie, an 2 XR Projete finanziell gehollef.

De gréissten Eenzel-Montant geet mat 3 Milliounen un d’Science-fiction Serie "Droneland" vum Nicolas Steil.