Enn November ass traditionell déi Zäit am Joer, wou en neien Disney Animatiounsfilm op de grousse Kinosecranen erauskënnt.

Zënter e Mëttwoch leeft mat Strange World dann och nees eng fantastesch Rees fir grouss a kleng an de Kinoen uechter d'Land.

De Searcher Cade ass e Bauer, dee virun 25 Joer op enger Expeditioun souwuel säi Pap verluer huet, wéi eng seele Planz entdeckt huet. Dës Planz huet iwwert Joren ewech seng ganz Heemescht mat Energie kënnen alimentéieren, nodeems hie se a grousse Quantitéiten ugeplanzt huet. Wann dës Energiequell awer duerch eng onerklärleche Krankheet riskéiert auszestierwen, muss de Searcher sech nees op d'Spuere vu senger Vergaangenheet maachen.

Strange World ass e fantasteschen Aventure Film fir déi ganz Famill. Dës ekologesch Fabel ass total am Aklang mat onser Zäit. Nohalteg Energie steet hei genee esou am Mëttelpunkt wéi dat friddlecht Zesummeliewen vun all de verschiddenste Kreaturen op dëser aussergewéinlecher Welt. Gekoppelt mat enger méi perséinlecher Geschicht, wou alles sech ëm déi egoistesch Erwaardunge vun engem Papp sengem Jong géigeniwwer dréit, ass Strange World eng matrappend, spannend an emotional Rees. Op der Kräizung um Jules Verne an dem Hayao Miyazaki hire Wierker ass Strange World en exzellenten a visuell erstaunlechen Disney Animatiounsfilm.