An hirem Theaterstéck beschäftegt d'Gintare Parulyte sech mat den Theme Vergewaltegung, Mëssbrauch, Trauma a Sucht.

D'Gintare Parulyte ass eng Litauesch–Lëtzebuergesch Schauspillerin, Realisatrice a Metteuse en Scène, déi an de leschte Jore vill Stécker fir den Theater geschriwwen huet. An hirer neister Kreatioun "Lovefool" huet si sech vun de Fraen an hirem Ëmfeld inspiréiere gelooss, mat der Iddi e Stéck ze schreiwen, an deem schwéier Themen op eng humorvoll an onkomplizéiert Manéier opdauchen.

Wat dem Gintare Parulyte hire Schreifstil ausmécht, ass hir éierlech an onprovokativ Manéier, u schwiereg Themen erunzegoen. "Lovefool" erzielt d'Geschicht vun enger Schauspillerin, déi wärend engem Casting humiliéiert gëtt an dëst iwwert sech ergoe léisst. D'Theaterstéck gräift deemno d'Fro op firwat si sech als Fra net protegéiert huet a stellt d'Fro, wéi eng Suitten esou eng Humiliatioun kann hunn, esou d'Gintare Parulyte: "An do fänke mir un iwwer Vergewaltegung, Mëssbrauch, Traumaen a Sucht ze schwätzen. An d'Stéck thematiséiert u sech wat mat eis geschitt wa mir eis Traumaen net heelen a wei een Impakt dat op d'Léift zu den aneren an eis selwer huet."

"Lovefool" soll genau dës Themen awer net verharmlosen, mä eng Bréck schafen an d'Wichtegkeet, datt doriwwer geschwat gëtt, ënnersträichen: "De Wonsch ass do, datt de Spectateur aus dem Theater erausgeet a sech manner schummt a sech manner definéiert fillt duerch dat wat him geschitt ass. Fir sech ze heele muss een sech mat senger däischterer Säit confrontéieren a sech soen, datt et net seng Schold ass, mee éischter seng Responsabilitéit fir sech ze heelen."

De 27. an 30. November an de 7. an 8. Dezember kann ee "Lovefool" mat der englescher Schauspillerin Kristin Winters an den Théâtre National du Luxembourg kucke goen.