D'Agnes Berchem, d'Grënnerin vun der QBOX, huet eng Kollektivausstellung op d'Bee gestalt. Den Erléis geet un zwee Weesenheemer an der Ukrain.

2018 huet d'Agnes Berchem d'QBOX lancéiert. Dat ass eng Associatioun vun der polnescher Communautéit hei zu Lëtzebuerg an déi reegelméisseg Concerten, Liesungen, Konschtatelieren an Ausstellungen organiséiert. Wéi de 24. Februar de Krich an der Ukrain ausgebrach ass, war et fir déi gebierteg Polin selbstverständlech ze hëllefen.

Hir éischt Initiativ war eng Sammelaktioun vu Kleeder, Medikamenter an Hygiènesartikelen, déi deelweis an d'Ukrain geschéckt goufen, deelweis un Ukrainer gaange sinn, déi grad zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Fir hir zweet Initiativ wollt si e bëssen an eng aner Richtung goen an huet eng Kollektivausstellung organiséiert. Vertruede sinn 18 Kënschtler aus Lëtzebuerg, Polen an der Ukrain. Ënnert hinnen: de Fernand Roda, d‘Sandrine Ronvaux, d’Marielle Rischette, de Bertrand Ney, den André Hagen, d'Urszula Wilk an den Tom Faber.

An der Ausstellung si souwuel Peinturen ewéi och Fotoen a Skulpturen ze fannen. Präislech geet et vun 110 Euro erop bis 4.750. Donieft ginn och kulinaresch Degustatioune vu polneschen an ukrainesche Rezepter ugebueden an de ganzen Erléis geet dann u jee ee Weesenheem zu Pidbuz an zu Mosciska an der Ukrain.

Bis elo hu si schonn een Drëttel vun de Wierker verkaf. D'Kollektivausstellung leeft awer nach bis de 4. Dezember an der Galerie39 zu Diddeleng an den Dag vum Ofschloss spillt d’Blues-Rock-Band "Ramblin' South" och nach e Concert.