Mat senger ganz eegener Verfilmung vum Pinocchio sengen Aventuren ass dem Realisateur Guillermo del Toro e reegelrecht Meeschterwierk gelongen.

Dem Carlo Collodi säi Klassiker Pinocchio gouf am Joer 1881 fir d’éischt publizéiert. Zënterhier goufen et eng Rei Kinosadaptatioune vun der Geschicht vum hëlzene Bouf. Mat senger ganz eegener a perséinlecher Verfilmung vum Pinocchio sengen Aventuren ass dem mexikanesche Realisateur Guillermo del Toro e reegelrecht Meeschterwierk gelongen, an dat souwuel technesch wéi erzieleresch. De Loïc Tanson war sech d'Netflix-Produktioun, déi aktuell am Kino leeft, ukucken.

Nom trageschen Doud vu sengem 10 Joer ale Bouf ass de Schräiner Gepetto net méi de selwechte Mënsch. Trauer a Leed hu sech am ale Mann verbreet, deen aus Verzweiwlung eng Popp aus Holz schnëtzelt, fir säi Bouf ze ersetzen. Wann dës eege rustikal Kreatioun da wierklech zum Liewen erwächt, kann de Gepetto sengen Aen net trauen. Dem hëlzene Bouf, dee sengem Papp gefale wëll, fält et awer immens schwéier, roueg sëtzen ze bleiwen. De Pinocchio, deen d'Welt entdeckt an all Minutt nei Saache kenne léiert, léisst sech näischt soen, a follege kënnt do scho guer net a Fro, bis hie sech an engem ganz komeschen Zirkus erëm fënnt, wou déi lieweg Popp zur Haaptattraktioun gëtt a vu sengem Papp getrennt gëtt.

De Guillermo del Toro huet mat Filmer wéi "Pan’s Labyrinth" oder "The Shape of Water" seng riseg Sensibilitéit, fir sou genannte "Monsteren" ze filmen, bewisen. Genee dës märchenhaft Dimensioun tëschent enger staark metaphorescher Fantasiewelt an enger emotionaler Realitéit fënnt sech och a senger grandioser Adaptatioun vum Pinocchio senge Seechen zeréck. Den Del Toro scheit sech net an déi düster Theme vum Collodi sengem Klassiker anzedauchen a bréngt et fäerdeg, sengem Pinocchio eng ganz eegen a fantastesch Dimensioun ze ginn.

Dësen Animatiounsfilm, deen op déi traditionell Technik vun der Stop-Motion zeréckgräift, wou all Personnage physesch existéieren an hir Mouvementer Bild fir Bild agefaange ginn, ass och um visuelle Niveau einfach verblüffend.

Ënnermoolt a begleet vun enger genialer Partitioun vum Museker Alexandre Desplat léisst de Realisateur Del Toro sengem Talent als eenzegaartege Geschichtenerzieler hei fräie Laf a liwwert mat sengem Pinocchio ee vun de beschte Filmer vum Joer.