Gesicht gëtt den Nofollger vu "boosteren". Bis den 12. Dezember kënnt Dir proposéieren … a gewannen!

Wéi e Wuert huet 2022 Ärer Meenung no am meeschte markéiert?

Sot eis et!

Zesumme mat RTL a mam Radio 100,7 sicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch d'Wuert vum Joer 2022.

Schéckt eis Är Propos a gewannt mat e bësse Chance 1 vun 3 Bonge fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun "Amuse-Bouche" vun Zolwer an déi 4 éischt Bicher aus der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz": "Aläert, jauwen, Zockerboun", "D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss" , "Vun Dréischel bis Kréischel" an "Zwackert, berdank!". D'Lous entscheet.

Hei kënnt Dir Är Propos oder Är Proposen areeche bis de Méindeg 12. Dezember 12 Auer mëttes:

Aus de Virschléi mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist vu 15 bis 20 Begrëffer an aus där sicht e Jury dann d'Wuert vum Joer 2022 eraus. Nach virun Enn des Joers gëtt et offiziell matgedeelt.

Am Jury sinn de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder/eng Vertriederin vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederin vun RTL a vum Radio 100,7.

Merci fir d'Matmaachen!