Déi sougenannte Chrëschtdagsfilmer sinn normalerweis romantesch Komedien, wou alles sech ëm d'Léift dréit.

"Violent Night" ass wuel e Chrëschtdagsfilm, huet awer näischt weider Romantesches u sech, ganz am Géigendeel ass den Titel hei Programm.

De "Santa Claus" oder kuerz gesot de "Santa", wéi d'Amerikaner hien nennen, ass ganz desillusionéiert an enttäuscht vun de mënschleche Wäerter an de Kanner,déi all nëmme Suen oder Videospiller als Kaddo wëllen. Op Besuch an enger luxuriéiser Residenz, wou hie wéi gewinnt onbemierkt duerch de Kamäin erakomm ass, gëtt hien Zéien, wéi eng Band vu Söldner d'Famill als Geiselen hëlt. Och wann dës steeräich a fundamental onsympathesch Famill net wierklech Matleed erbäirifft, sou ass de Santa awer vum klengen Trudy immens beréiert an decidéiert kuerzerhand sech mat de professionelle Kidnapper unzeleeën.

"Violent Night" ass eng amerikanesch Produktioun, déi dat liwwert, wat drop steet. D'Brutalitéit a Blutt sinn Tromp an dësem Chrëschtdagsfilm, deen eng Mëschung aus "Die Hard" an "Home Alone" ass. Eng Rei gutt placéiert Witzer suergen fir haart Laacher, genee esou wéi déi iwwerdriwwe Gewalt, mat där de Santa Claus, déi dach skurril Söldner een nom anere muerkst. Effikass, wann och ouni iergendwellech Subtilitéit, ass "Violent Night" en dekomplexéierten Entertainment, an deem de Kitsch net ausbleift an dee sech exklusiv un en erwuessene Publikum adresséiert.