Dëst Joer stoung jo all Mount eng aner Pro-Sud-Gemeng am Mëttelpunkt vun der europäescher Kulturhaaptstad.

Lassgaange war et am Februar mat Käerjeng. Duerno koume Péiteng, Beetebuerg, Diddeleng, Suessem, Schëffleng, Monnerech, Déifferdeng a Rëmeleng drun. Déi lescht Gemeng vum Mount ass elo Keel/Téiteng.

Hei wunnen eng 9.713 Leit op 14,86 Quadratkilometer. Zu de bekanntste Bezierker gehéieren, ënner anerem, den Hesselsbierg, den Téitenger Quai, Pull, de Quartier Brill oder och d'Cité Berens. Besonnesch houfreg si si dorop, dass hire fréiere Buergermeeschter Pierre Schiltz vun 1913 un d'Karbidesluucht "Record 1" a senger Karbidesfabrick hiergestallt huet. Dës an hiren Nofolger "d'Record 2" goufen duerno weltwäit verkaf a genotzt.

Obschonns Keel/Téiteng als lescht Gemeng an de Fokus vun Esch2022 geréckelt ass, gouf hei dat ganzt Joer iwwer en ofwiesslungsräiche kulturelle Programm gebueden.
Am Mee hu si zum Beispill mam Projet "MUAR" e Musée vun der Aarbecht lancéiert. Een Deel vun deem Projet ass d'Ausstellung "The Great Industry", déi a Kollaboratioun mat der anerer europäescher Kulturhaaptstad Kaunas entstanen ass. Béid Stied vereent nämlech, dass si fréier eng Schongfabrick haten. Ma wärend an der Hubertsfabrick zu Téiteng gréisstendeels Aarbechts- a Moudeschung hiergestallt goufen, gouf sech zu Kaunas op Turnschlappe konzentréiert.

Fir de kulturellen Austausch ze fërderen, hunn souwuel Kaunas ewéi och Keel/Téiteng jeeweils eng Ausstellung zu hirer Schongfabrick gemaach. Nodeems déi Lëtzebuergesch Ausstellung am neie Musée "Ferrum" ausgestallt gouf, ass se op Kaunas geschéckt ginn an zu Keel/Téiteng kann een den Ament d'Ausstellung aus Kaunas kucke goen.
Allgemeng huet d'Gemeng grousse Wäert op nohalteg Projete geluecht. Dat gesäit een och bei hirem Projet "Den neie Mineur". Dëse besteet aus dräi Deeler. Deen éischte war eng "Graphic Novel" iwwer de Biergaarbechter Jean Schortgen, deen als éischten Aarbechter an d'Chamber gewielt gouf. Den zweeten Deel war ee Musical a mat "Gare la Mine", engem Theaterstéck vu Jugendlecher fir Jugendlecher steet elo den drëtten Deel um Programm. D'Stéck gëtt tëschent dem 9. an 11.Dezember an der Schongfabrick gewisen.

Fir hire Mount ofzeschléissen, organiséiert d'Gemeng Keel/Téiteng eng "Soirée de clôture". Méi Informatiounen dozou an zu de verschiddenen Evenementer fannt Dir hei.