2023 sinn et 50 Joer hier, dass den Edward Steichen eis fir ëmmer verlooss huet.

Fir un de berüümte Fotograf a "Lëtzebuerger Jong", wei hie sech selwer beschriwwen huet, ze erënneren, huet den MNHA eng nei Expositioun zu sengen Éieren ageweit. Hei ginn d’Wierker aus dem Musée senger Kollektioun an en neie Kontext gesat an et kann een déi bekannte Biller an enger frëscher Luucht entdecken.

Am Mäerz 1985 krut den Nationalmusée onerwaart eng 178 Fotographie vum Edward Steichen vermaach. An der neier Expo "Inspired by Steichen" ginn eeler Biller aus der Steichen-Kollektioun vum MNHA an d’Modernitéit geholl a mat neie Wierker vun rezente Kënschtler verglach.

Durch die Arbeit von zwei gegenwärtigen Künstlern, dessen Technik, Themen und Atmospäre ihrer Werke sehr viel Ähnlichkeiten mit Steichen hat, erlaubt es uns mit einem frischen und neuen Blick auf die Qualitäten von Steichens Werken zu kucken.

Déi zwee Kënschtler Hans Op de Beek an Erwin Olaf, déi sech d'Ausstellung mam Steichen senge Wierker deelen, si weltbekannt. Et ass déi éischte Kéier, dass een dem Hans Op de Beek seng Aquarellen an engem Musée kucke kann. Niewent sengen impressionante Biller fënnt en och zwou Skulpture vum Kënschtler. De Fotograf Erwin Olaf huet seng Serie "Im Wald" ausgestallt an där hien d’Natur an dem Mënsch a seng Bezéiung zur Natur portraitéiert:

D’Natur ass indifferent. An eis Mënsche komme vill Gefiller op, wa mer un d’Natur denken, mä d’Natur selwer denkt a fillt net a mer liewen net an Harmonie mat der Natur, mer zerstéieren se. Dat ass eng vun de Saachen, déi ech duerstelle wollt.

Zesumme mat der neier Ausstellung huet den MNHA e Katalog erausbruecht, deen d’Kollektioun vum Musée komplett a verständlech duerleet.

Do ginn also déi 178 Fotoen eng no der aner detailléiert virgestallt an analyséiert. Wat ass op der Foto, wéini ass déi Foto gemaach ginn, aus wéi engem Grond, wien huet se an den Optrag ginn.

D’Ausstellung ass begleet vun denger ganzer Réi Konferenzen, Touren an Aktivitéiten. Déi zwee Artisten Erwin Olaf an Hans Op de Beek maachen och eng perséinlech Selektioun vun 20 Fotoen aus dem Musée senger Steichen-Kollektioun, déi am Mäerz zousätzlech ausgestallt ginn. Déi komplett Expositioun "Inspired by Steichen" leeft nach bis Juni 2023.