Virtuell Realitéit oder "VR" ass jonke Leit sécherlech e Begrëff, ma net all Mënsch weess genau wat et domadder op sech huet.

De Stater Theater gëtt elo jiddwerengem d'Méiglechkeet, sech mat dëser neier Technik vertraut ze maachen. Hir neisten Opféierung "Le bal de Paris" vum Blanca Li spillt nämlech net an eiser Welt, mä an enger virtueller Realitéit, déi extra fir d'Stéck kreéiert ginn ass.

Deementspriechend bitt d'Stéck engem eng ongewéinlech Erfarung. D'Bün ass net esou dekoréiert, wei een et vun de Publicitéiten kennt an de Spectateur setzt och net gemitterlech an enger Loge, sou den Diekter vum Stater Theater Tom Leick-Burns. "Mer sinn alleguerten hei elo op der grousser Bün. Do gëtt et 4 verschidde Raim, 10 Meter op 10 Meter, schwaarz ausgehaangen, dat heescht op den éischte Bléck gesäit dat net no Theater aus. Dat gëtt natierlech dann total geännert wann een equipéiert gëtt mat sengem Brëll a mat senger Software déi een an engem Rimm dréit. Dee Moment daucht een dann an eng ganz aner Welt an, déi natierlech technesch an der virtueller Realitéit geschaaft ass."

Dës Welt, déi ënnert anerem mat Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Entreprise "Fabrique d'Images" an dem Lëtzebuerger Filmfong entstanen ass, huet et a sech. Dräi Joer huet d'Produzentin Blanca Li gebraucht, fir déi virtuell Welt ze schafen. Um Parcours vun engem grousse Festsall, duerch e mageschen Gaart bis an e Paräisser Club, gëtt ee vu professionellen Dänzer begleet, déi och d'Haaptacteure vum Stéck sinn, wéi d'Produzentin erkläert. "J'avais très envie de créer quelquechose qui se passe dans le monde virtuel mais pas dans un monde virtuel où on est juste témoin, où on regarde uniquement les choses qui se passent. Je voulais qu'il y a une vraie rencontre dans le monde virtuel avec les spectateurs et les danseurs."

35 Minutten dauert de Spektakel. D'Dänzer incitéieren een, fir aktiv matzemaachen an all Aspekt vun der virtueller Realitéit ze entdecken. Zousätzlech zum Brëll, de Sensoren an de Kopfhörer gëtt mat Parfum a Ventilatoren geschafft, fir all d'Sënner ze täuschen.

Deementspriechend ass d'Stéck dann och gutt bei de Spectateuren ukomm. "Ech hunn et super fonnt well ee wierklech an enger ganz anerer Welt ass. Et ass e bësse schwéier, ech si grad eraus, dat heescht et ass e bësse schwéier fir ze realiséiere wou een hei ass. Et reest ee wierklech duerch verschidde Platzen, et sinn Amenter do geet een duerch Gäng an da stellt ee sech d'Fro 'Ass een nach ëmmer op der selwechter Platz a Wierklechkeet ?'."

Nom Stéck kann een un engem Danzatelier deelhuelen, deen een dann erëm zréck an eis Welt hëlt. Et ass e Projet bei deem een eng éischte Kéier a Kontakt mat der "Réalité Virtuelle" komme kann a sech bewosst ka ginn wat haut alles méiglech ass. D'Stéck leeft vun elo un an nach bis de 7. Januar. Den Owend vum 31. Dezember kann een zousätzlech zum Spektakel eng Platz um traditionelle Sylvesterdinner vum Theater reservéieren.