Déi lescht Ausstellung am Kader vun Esch 2022 wieft e Bléck op Europa, seng Identitéit an d'Mënschen déi et bewunnen.

"Pure Europe", déi lescht Ausstellung am Kader vun Esch 2022
Europa: Wäiss, räich, gebilt, chrëschtlech, al an patriotesch. Oder dach ganz anescht?

Wat ass eigentlech Europa? En Kontinent, eng Institutioun oder just en wirtschaftlecht Ofkommen? A wat heescht et, Europäer oder Europäerin ze sinn? Froen, déi di lescht Ausstellung am Kader vun Esch 2022, «Pure Europe» an der Möllerei zu Belval, opgräift. Den Julien Marcy huet sech dat ugekuckt.

Europa: Wäiss, räich, gebilt, chrëschtlech, al an patriotesch. Oder dach ganz anescht? D’Ausstellung «Pure Europe» stellt dës Réi Clichéë a Fro a bitt alternativ Vuen op Europa. Ziel dobäi, ass virun allem, en Dialog ze schafen.

Vir de Curateur, Pit Péporté, ass et wichteg datt d'Visiteuren "selwer decidéieren ewéi se zu den verschiddenen Aussoen stinn." Virgeknaten Äntwerten ginn also keng gebueden.

Unhand vu Fotoen, Texter, Videoen an interaktive Spiller bitt d’Ausstellung eng Rees duerch déi Verschidden Elementer, déi Europa ausmaachen. Eng Unzuel u Supporten déi d’Diversitéit vum Kontinent rëmspigelt.

"Bei All Statiounen ginn et Elementer aus dem Norden, dem Süden, dem Osten an ëmmer rëm fënnt een en Clin d'Oeil u Lëtzebuerg", erkläert den Pit Péporté.

“Pure Europe” leeft nach bis Enn Februar an ass nach Deel vun Esch 2022. Eng Iwwerlappung déi am Zeeche vun der Kontinuitéit steet.

Vir d'Équipe vun Esch 2022 wier et wichteg gewiescht en Zeechen ze setzen vir "datt och 2023 weiderhin en kulturelle Programm ugebuede gëtt", sou d'Élise Bougelet, programmatrice vun Esch 2022.

Wei genau d’Zukunft vun der Möllerei, déi dem Fond Belval gehéiert, ab dësem Joer ausgesäit ass nach net gewosst. Den Espace ass op jiddefalls nach bis Enn Februar vir d’Visiteuren op.