Den 21.Januar kann een dem belschen Dänzer a Choreograf Julien Carlier säi Stéck "DRESS CODE" an den TROIS C-L kucke goen.

Opgefouert gëtt d'Stéck als Deel vum TROIS C-L hirem "Hors Circuits" Programm.

Interview mam Bernard Baumgarten
Den artisteschen Direkter vum TROIS C-L erkläert d'Konzept vum "HORS CIRCUITS".

De Julien Carlier ass e belschen Dänzer a Choreograph, deen als Breakdancer ugefaangen huet an zanter 2015 als Choreograph seng eege Kreatiounen op d'Bün bréngt. An deene leschte Joren ass hien och schonn déi eng oder aner Kéier hei zu Lëtzebuerg ënnerwee gewiescht, ënner anerem 2018, wéi hien en Deel vu sengem Stéck "DRESS CODE" presentéiert huet. Zanterhier ass dat Stéck zu enger ganzer Performance vun enger Stonn ginn, déi hien am Kader vum TROIS C-L sengem "Hors Circuits" dëse Samschdeg an der Banannefabrik zu Bouneweg op d'Bün bréngt.

Interview mam Julien Carlier
Säi Stéck "DRESS CODE" gëtt den 21. Januar an der Banannefabrik opgefouert.

Den Trend vum Breakdance ass schonn ausgangs vun de 60er Joren an de Stroosse vun New York City opgedaucht. Iwwer d'Joren huet d'Danzrichtung sech e richtege Kultstatus verdéngt. Perséinlech, hu mech zwar Hip-Hop an, méi spezifesch Breakdance, ëmmer faszinéiert, ma ech hu mech awer ni gréisser mam Mouvement ronderëm befaasst. Wéi sou dacks gesäit et hannert de Kulissen awer anescht aus, ewéi dat, wat de Public - ech inclus - gesäit. A grad dowéinst ass dem Julien Carlier säi Stéck "DRESS CODE" fir mech en absolutte "Coup de coeur". Nieft dem héijen, dänzeresche Level an der Choreographie vum Stéck, huet mech d'Thematik vun der Hip-Hop- a Breakdance-Kultur och vu vir era gepaakt a faszinéiert.

A wie genee esou gär e klengen Abléck an d'Welt vum Hip-Hop a Breakdance wëll hunn, hei ginn et méi Informatiounen an Tickete fir d'Performance.