Schonn zanter 2012 gehéiert de "Fabula Rasa"-Festival zu de Programm-Highlighte vun de Rotondes.

Et ass e Festival mat Spektakelen, Workshoppen an enger Ausstellung, bei deem et dorëms geet, mat den traditionelle Codë vum Geschichten-Erzielen ze briechen. Raconter les histoires autrement – sou de Motto vum "Fabula Rasa"-Festival. Geschichten, déi ee mengt, gutt ze kennen, kréien ee ganz neien a modernen Twist. Dat awer net just op der Bün, ma och an de Bicher. No 3 Editioune ronderëm dat sougenannten "erweidert Buch", loossen d'Rotondes de Public dëst Joer eng interaktiv Erzielmanéier aus dem 19. Joerhonnert entdecken, respektiv erëmentdecken. Rieds ass vum Flipbook, besser bekannt als Daumekino.

10 lokal an 10 international Kënschtler hu speziell fir d'Ausstellung "Flip OFF" ee bekannt Märchen a Form vun enger kuerzer Illustratioun re-interpretéiert an animéiert. Déi franséisch Kënschtlerin Marie Paccou huet ënnert anerem d'Aventure vum Michel Rodange sengem "Rénert", an eng faarweg Billergeschicht verwandelt. Normalerweis zeechent si mat Bicker a Stëfter, ma fir de "Rénert" huet si ausnamsweis mat Waasserfaarwe geschafft.

Nieft de Flipbooks an de kreativen Ateliere beweisen och véier Spektakelen, dass et genee sou vill originell Manéiere gëtt, fir Geschichten ze erzielen, wéi et Erzieler an Erzielerinne gëtt.

De "Fabula Rasa"-Festival dauert bis den 12. Februar.

Dee komplette Programm an Ticketen fannt Dir op www.rotondes.lu