2017 krut de Roland Meyer fir säi Roman "Tel Mo" de Lëtzebuerger Buchpräis. Lo gëtt säi Stoff als Theaterstéck opgefouert. Aus Tel Mo gëtt King Tel Mo Rei.

Den Telmo, eisen Haaptprotagonist, ass méi al ginn an huet sech als Klengkriminellen en Numm gemaach. Mä, ewéi et mat kriminelle Karriären eeben oft sou ass, feiert och dem Telmo seng an de Prisong. Wéi geet elo weider? Kann et iwwerhaapt nach weidergoen?

Froen, op déi d'Stéck ageet, ouni kloer Äntwerten ze verspriechen. Dofir awer Diskussiounsstoff an éischt Léisungsusätz. Fir den Auteur, Roland Meyer, steet op jiddefalls fest: Jugendlecher, kritt een net zu bessere Leit erzunn, wann een se an de Prisong späert.

King Tel Mo Rei, gëtt vum 25. Januar bis de 27. Januar am Mierscher Kulturhaus opgefouert mat uschléissenden Diskussiounsronnen ëm d'Thema Jugendkriminalitéit a Kanner mat spezifesche Besoinen.

King Tel Mo Rei, vum Buch op d'Bün