De Reset Jazz Festival geet an déi sechst Editioun. Vum 26. bis den 28. Januar ertéint an der Abtei Neimënster eng bont Palett un Jazz.

De Prinzip ass Folgenden: Véier Museker a Véier Musekerinnen aus aacht verschidde Länner komme fir e puer Deeg an der Abtei Neimënster zesummen. Do entwéckele si nei Kompositiounen, experimentéiere mat Tonalitéiten a loossen hir verschidden Approchë matenee verschmëlzen. D'Resultat ka sech de Publik dann an enger Rei Concerten unhéieren.

Kuréiert gëtt dat Ganzt vum Lëtzebuerger Vibraphoniste Pascal Schumacher, dee sech duerch säi musikalescht Kënnen, eng zolidd Unerkennung an der internationaler Musekswelt opgebaut huet.

Pascale Schumacher

Am Line-up vun dësem Joer sinn, de Greg Lamy (LUX, Guitare), d'Olga Amelchenko (RU, Saxophone), de Luca Aquino (IT, Trompette), den Nelson Cascais (PT, Kontrabasse), de Jens Düppe (DE, Batterie), d'Élodie Pasquier (FR, Klarinette), d'Cansu Tankriulu (TR, Gesang) an d'Margaux Vranken (BE, Piano). Eng bont Mëschung déi, ewéi déi Jore virdrun, d'musikalesch Horizonter erweideren an de Publikum op eng spektakulär akustesch Rees mathuele wäert.

D'Opféierunge sinn op dësen Deeg an der Abtei Neimënster

- 26. Januar um 19:30
- 27. Januar um 20:00
- 28. Januar um 20:00