
© AFP
D'Alstad vun der ukrainescher Hafestad gëllt vun elo un als menacéierte Weltierwen. Dat bedeit gläichzäiteg och finanziell Ënnerstëtzung.
"Odessa, eng fräi Stad, eng weltoppe Stad mat engem berüümten Hafen, déi Filmer, d'Literatur an d'Konscht gepräägt huet, steet elo ënner verstäerktem Schutz vun der internationaler Communautéit", huet d'Unesco-Generalsekretärin Audrey Azoulay e Mëttwoch erkläert. D'Opnam op der Unesco-Lëscht vu menacéiertem Weltierwe bedeit gläichzäiteg e besseren Zougang zu technescher a finanzieller Ënnerstëtzung.
Russland hat probéiert, d'Opnam vun der ukrainescher Stad um Schwaarze Mier op d'Unesco-Lëscht ouni Succès ze verhënneren. D'Demande wier vu Wikipedia ofgeschriwwe ginn, hate russesch Vertrieder betount. Donieft hätten d'Ukrainer selwer d'Gebaier zu Odessa zerstéiert. D'Stad gouf zanter dem Ufank vum Krich ëmmer nees bombardéiert, se ass awer zum Gléck nach gréisstendeels erhale bliwwen.

Denkmaler gi mat Sandsäck geschützt.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen d'Opnam vun Odessa am Oktober ugefrot hat, fir se virum russeschen Ugrëffskrich ze schützen, huet op Twitter erkläert, dës Decisioun ze begréissen. "Haut huet Odessa de Schutz vun der Unesco kritt", huet hie geschriwwen. "Eng diplomatesch Victoire", huet déi ukrainesch Politikerin Emine Djeppar betount.
Odessa gouf 1794 gegrënnt an huet sech zu enger Handelsmetropol entwéckelt. déi vill Mënschen un d'Küst zitt. Dat multikulturellt Ierwe präägt d'Architektur an d'Stadbild.