Am groussen Theater an der Stad deele sech professionell Dänzer, mat Amateuren d'Bün.
Den nationalen Theater steet dëse Weekend ganz am Zeeche vun de grousse klassesche Musicals an dobäi stinn eng Abberzuel vu Leit op der Bün. Niewent de professionellen Dänzer kritt een och Amateuren ze gesinn.
D'Lescht Joer hat den nationalen Theater en Opruff gemaach an no leidenschaftlechen Dänzer gesicht. Virkenntnesser huet ee keng missen hunn. Just Loscht a Passioun ware gefrot.
De Retour op den Opruff huet net enttäuscht: Eng 80 Amateuren hu sech gemellt. Déi sinn du vun de Coachen a Form bruecht ginn. D’Dramaturgie ass kloer virginn, mä d’Profie schaffen och enk mat de Leit zesummen, fir erauszekëddelen, wat se unique mécht.
Eis Trainerin d'Sibylle war genial, et huet gejaut a Kreesch gedoen. Do gëtt een einfach vun der ganzer Energie matgerappt. D'Zesummenaarbecht ass dat Wichtegst. Ouni d'Profien hu mer keng Energie a beweegen eis net a sinn net motivéiert, seet eis Scheharazade Garman, wat matgedanzt huet.
Grease, Mary Poppins a West Side Story si just e puer vun de Stécker, déi de Choreograph Sylvain Groud mat an de Programm geholl huet. Et ass him wichteg, dass jiddweree sech wuelfillt a senger Haut an doriwwer eraus och op der Bün.
Et ass eng Produktioun, déi eng nei Luucht op Stécker werft, vun deenen een eigentlech mengt, dass ee se kennt. D'Produktioun leeft am nationalen Theater den 27. an 28. Januar.