Den Tom an Darcy wëlle sech op enger privater Insel op de Philippinnen bestueden.
Eng Dramhochzäit, déi séier zum Albdram gëtt, wann 'Fiesta vun enger Band vu Piraten ënnerbrach gëtt an all d'Invitéeën als Geisel geholl ginn.
"The Wedding Planner" (2001), "Maid In Manhattan" (2003), "Shall We Dance" (2004), "Monster-In-Law" (2005) sinn nëmmen e puer Titele vu romantesche Komedien, an deenen d'Jennifer Lopez Ufanks den 2000er Joren an der Haaptroll ze gesi war. Zënterhier war dësem ganz konventionelle Genre d'Loft an Zuschauer ausgaangen, an déi sougenannte Romcoms goufen net méi wéi um Fliissband produzéiert.
Virun engem Joer hat J-Lo mat "Marry Me" de Genre nees op erfollegräich Manéier an d’Liewe geruff an deemno wollt si dëse Succès mat "Shotgun Wedding" erneieren. Ënnert der Leedung vum "Pitch Perfect"-Realisateur Jason Moore gouf eng Komedie konzipéiert, déi versicht an den Action-Genre iwwerzegoen.
Leider ass all Witz hei genee esou telefonéiert wéi d'Action-Sequenzen a wat Potential hat, eng flott "screwball Comedie" an der Traditioun vun den Howard-Hawks-Filmer aus den 30er Joren ze ginn, ass schlussendlech e schlechte "Vaudeville", deen op der ganzer Linn verseet. Do kënnen och dem Jennifer Lopez an hirem Co-Star Josh Duhamel hir Ustrengungen net wierklech vill drun änneren.