Am Kader vun enger Kënschtler-Residenz an der Abtei Neimënster hunn d'Regisseurin an d'Schauspillerin eng multidisziplinär Ausstellung op d'Bee gestallt.

"We can have it all" heescht dëse Projet, deem d‘Fro zu Gronn läit, ob et fir Frae wierklech méiglech ass, ee glécklecht Familljeliewen an eng erfëllte professionell Karriär ënnert een Hutt ze kréien. D‘Resultat ass eng ironesch Installatioun, déi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz entstanen ass."We can have it all – Do fembots still have time for a burn-out?" ass eng Reflexioun iwwer de Widdersproch tëscht Filter a Realitéit.

D‘Inspiratiounsquell fir déi deforméiert Autoportraiten a grotesk Duerstellunge waren déi sozial Medien, respektiv d‘Illusiounen, déi an deene ville Reseauen kreéiert ginn. Virop d'Illusioun vun den "Insta-Mums"mat perfektem Liewen.

Mat Humor a Sarkasmus hunn déi zwou Kënschtlerinnen a Mamme fir dëse Projet awer och hiert eegent Verhalen ënnert d'Lupp geholl. Ëmmerhin kreéieren a verëffentlechen och si reegelméisseg Biller fir sech als Artistinnen an och hir Stécker a Figuren bescht méiglech duerzestellen.

Fir d‘Deformatioun vun der Realitéit an d‘Illusioun vun der Identitéit beschtméiglech illustréieren ze kënnen, hunn d‘Anne Simon an d‘Nora Koenig op d‘Hëllef vun der kënschtlecher Intelligenz  gesat. Fir all Bild hunn si um Computer eng genee Beschreiwung agetippt, aus där déi kënschtlech Intelligenz ganz automatesch dat passend Bild generéiert huet. Och wann de Fokus op de Fotoe läit, um Enn ass et d‘Kombinatioun vu Biller, Text an och Toun, déi et mécht.

D‘Expo leeft nach bis de 26. Februar.