1806 ass "Stella" fir déi éischte Kéier zu Weimar gespillt ginn.

Déi éischte Versioun vum Goethe sengem "Stella" war e gesellschaftleche Skandal. Spéider huet hien d'Versioun geännert an huet der Geschicht en tragesche Schluss ginn. Et ass déi éischte Kéier, datt den TNL mam Schauspiel Wuppertal eng Inzenéierung produzéiert. D'Produktioun wëll sech um Potential vun der éischter Versioun vum Stéck orientéieren: ënnert dem Motto: "Zwei Frauen - ein Mann. Kampf und Utopie".

"Stella" erzielt d'Geschicht vun enger Fra, déi hir Léift zu engem Mann net ka lassloossen, och wann de Mann si scho viru Jore verlooss huet. D'Stella lieft ganz zréckgezunn. Fir eng Hëllef am Alldag ze hunn, stellt si d'Lucie an an d'Lucie bréngt hir Mamm Cäcilie mat. D'Cäcilie ka sech ganz gutt mam Stella hirer Situatioun identifizéieren, well och si nach un hirem Ex-Mann hänkt. Bis sech dann erausstellt, datt de Mann, dee Fernando heescht, béid Frae verlooss huet. Cäcilie ass seng Ex-Fra, d'Lucie seng Duechter an d'Stella seng Affär. An domat fänkt eng grouss Verwirrung u Gefiller un. D'Stéck stellt ënner anerem déi Fro vun: Gëtt et e Wee, Léift a Frëndschaft ënnert een Hutt ze kréien? Souguer vläicht an engem Ménage-à-trois?

Stella

De Regisseur Stefan Maurer huet de klasseschen Text vum Goethe an e Wierk vun haut ëmgesat.

"Stella" gëtt vum 3. bis den 8. Februar am TNL gespillt. Op der Bün stinn den Thomas Braus, d'Maditha Dolle, d'Nora Koenig, d'Julia Wolff an de Germain Wagner.