An enger Serie vun 20 Fotoe schafft Amnesty International déi leschte Joerzéngten am Kampf fir eng méi eng gerecht Welt op.
Amnesty International gouf 1961 gegrënnt a setzt sech zanter méi wéi 60 Joer scho fir Mënscherechter op der ganzer Welt an. 1948 hunn d’ Vereenten Natiounen d’Resolutioun zur allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter ugeholl. Dëst Joer markéiert deemno de 75. Anniversaire vun dësem Meilesteen vun eiser Geschicht.
Fir dësen Evenementer hir verdéngten Éier ze erweisen, huet d'Associatioun zesumme mat Magnum Photos eng Ausstellung op d'Bee gestallt. Hei kucke se an enger Serie vun 20 Fotoen zréck wat am Kampf fir eng besser Welt alles scho geschitt ass, a wat nach ze maache bleift.
D’Fotoe dokumentéiere staark Amenter vun der Geschicht. Et si Beweiser vu schlëmmen Doten awer och vu Courage. Et fënnt ee Portraite vu groussen Ikonen wéi dem Nelson Mandela oder dem Martin Luther King. Donieft awer och Fotoen aus engem Prisong am Kongo. Et ass eng villfälteg Ausstellung, déi d'Zäitgeschicht opgräift. Se weist de Courage vun Demonstranten am Asaz fir hir Rechter awer och Platzen op deene Mënscherechter mat Féiss getrëppelt gi sinn.
D'Anne Ploetz vun Amnesty Lëtzebuerg gëtt weider Erklärungen: Diese Ausstellung zeigt eben wichtige Momente in der Geschichte, die die Situation von heute und die Geschichte der Menscheit beeinflusst und verändert haben. Aber es zeigt eben auch, dass noch sehr viel zu tun ist. Es zeigt die aktuellen Kämpfe der Menschenrechte auf, ob es um die Klimakrise geht, ob es um Diskriminierung geht oder ganz andere Themen, wir haben noch sehr viel zu tun.
De Kampf fir eng méi gerecht Welt ass eben haut nach net eriwwer. D’Ausstellung soll de Leit Hoffnung maachen a weisen, datt jiddwereen sech asetze kann.
D'Expo ass begleet vu Broschüren, déi engem weider Informatiounen zu den ausgestallte Fotoe ginn. Deen, dee wëll, ka säi Wëssen och an engem Quiz testen.
Bis den 24. Februar am kann een d'Fotoserie nach an den Trifolion kucke goen. Dono gëtt se zu Nidderaanwen opgeriicht ier se dann iwwert de Summer en leschte Kéier am Resistenzmusée ausgestallt gëtt.