Zwou Theaterproduktioune gräifen d'Geschicht vun zwou Schwësteren aus der griichescher Mythologie op: d'Antigone an d'Ismene.

Déi grouss Dramaen oder déi grouss Heldegeschichten, haut fënnt ee se zemools an de Kino-Blockbuster oder den Abenteuer- a Fantasyromaner, déi sech hir Inspiratioun dacks an de Mythologië sichen. Besonnesch d'Helden aus de griichesche Gëtter-Geschichten hunn hir Plaz ëmmer nees op den Theaterbünen, wéi där vum berüümten Dichter Sophokles.

"Antigone" ass esou e klassescht Sophokles-Drama. Et erzielt vun der Duechter vum Ödipus a vun der Jokaste, déi och hir Groussmamm ass. Dem Orakel vun Delphi no an ouni et ze wëssen, huet den Oedipus säi Papp ëmbruecht a seng Mamm bestuet. Doropshi stécht hie sech d'Aen aus an d'Jokaste bréngt sech ëm. Hir zwee Bouwen Polyneikes an Eteokles bekriche sech, wien op den Troun kënnt, a stierwen allen zwee. Hire Monni Kreon, elo den neie Kinnek vun Theben, wëll de Verréider Polyneikes net begruewe loossen. D'Antigone widdersetzt sech dem Urteel a bréngt sech um Enn selwer ëm. Bleift nach déi jéngst Schwëster Ismene, déi just d'Antigone wëll ëmstëmmen, mä soss net weider opfält.

Datt gläich zwou Theaterproduktiounen onofhängeg vun eneen a quasi gläichzäiteg dës zwou Schwësteren an de Mëttelpunkt setzen, ass eng Chance fir de Publikum. Sou kann een dës Fraefiguren an hirer ganzer Tragedie a Verschiddenheet entdecken an dobäi spieren, wat béid eis nach haut an eiser Zäit ze soen hunn.

"Schwester von" vum Lot Vekemans mam Marie Jung am Kasemattentheater

RTL

Marie Jung / © Bohumil Kostohryz

D'Bün ass eidel, just e schwaarze Riddo laanscht d'Säiten. De Publikum sëtzt op de Gradinen a waart. Et héiert een en Huerele vun hannen oder vun ënnen. Dann d'Stëmm vum Ismene, déi vun den Hënn schwätzt, déi ëmmer do lungeren. Iergendwann kënnt se ënnert de Gradinen erausgekroch a kuckt sech de Publikum un, deen do sëtzt an hir Geschicht wëll lauschteren. Wëll e se wierklech lauschteren? Sou spannend ass se net, verglach mat den Dramae vun hirer Famill. Si wier déi eenzeg Normal, erkläert se: "Ich wollte einfach glücklich sein."

Si erzielt vun hiren Elteren, de Bridder, dem Monni  - a jo - och vun der Schwëster, awer ouni där hiren Numm ze nennen. Ze grouss ass de Schiet vun der Heldin. "Alle in meiner Familie konnten sich entscheiden. Leider hat sich nie jemand für mich entschieden."

Mat der Zäit gëtt d'Ismene méi kéng, verstoppt sech net méi ënnert der Tribün, mécht sou lues de Wee laanscht d'Säit virun hire Publikum. Ob se sech och op d'Bün traut? Huet se eng Bün zegutt? Gëtt et eng Bün fir déi "banal" Geschichten, déi "normal" Mënschen, déi hiren Alldag liewen ouni opzefalen, sou wéi déi meescht vun eis? Oder och an hirem Alldag leiden, sech awer net wiere kënnen. Hu se net awer och eng Stëmm zegutt, och wa se net wéi Superstaren an de klasseschen a soziale Medien optrieden?

RTL

© Bohumil Kostohryz

D'Stéck vun der hollännescher Autorin Lot Vekemans ass e rouege Playdoyer fir dës Vue op d'Mënschen, en Text sou kloer an direkt ouni déi grouss Ausféierungen an iwwerméisseg Deklamatiounen. An esou gëtt en och op d'Bün bruecht. "Et muss ee sech an der Regie wansinneg zeréckhalen", preziséiert d'Regisseurin Anne Simon, dat heescht keng Musek, keng Requisiten an en onopfällege Kostüm: groen T-Shirt, roude Short.

"No Art On Air" mat der Regisseurin Anne Simon
Invitée: D'Anne Simon, ausserdeem d'Buch vum Josiane Kartheiser an d'Expo an der Galerie Zidoun&Bossuyt

An alles dat brauch et net! Dëst Stéck lieft vu senger Schauspillerin. D'Marie Jung ass d'Ismene: hiert Spill ass esou sober wéi d'Protagonistin, awer ni laangootmeg an dem 60-Minutten-Monolog. Si ass zeréckhalend an traut sech dach ze soen, wat se denkt. Dat bréngt witzeg Momenter mat sech. Déi kleng Schwëster, déi liicht motzt a sech op hir Manéier wiert an einfach den Numm vun der Schwëster net an de Mond hëlt, mä déi hir Vue vun de Saache weist a verdeedegt.

"Schwester von" hëlt engem den Otem an hält een an Otem. Ech hätt dem Marie Jung sengem Ismene nach stonnelaang kënnen nolauschteren. Mä esou vill huet et jo net z'erzielen. Dofir bleift seng Geschicht engem awer laang am Kapp hänken. Loosst Iech se och verzielen.

RTL

© Bohumil Kostohryz

Gespillt gëtt nach: 4., 7., 8. an 10. Februar am Kasemattentheater.

"Antigone" vum Jean Anouilh am Centaure

Et war net ofgeschwat, mä den Zoufall wëll et, datt och déi grouss Schwëster "Antigone" am nämlechten Zäitraum hir Bün kritt, déi vum Théâtre du Centaure.

RTL

© Théâtre du Centaure

An och wann et dem franséischen Auteur Jean Anouilh säin Text vun 1944 ass, deen opgefouert gëtt, sou bréngt de Regisseur Alexandre de Saint Phalle sengem "Antigone" awer en aktuellen, fir net ze soen dystopesche Kader. D'Geschicht - sou heescht et an der Ukënnegung - spillt 2050 zu Theben. D'Mënschheet steet bal virum Ënnergang a muss sech géint eng onheemlech Hëtzt schützen.

D'Antigone léisst sech vum Kinnek, sengem Monni, deen un den ale Strukture festhält, net ëmstëmmen a wëll säi Brudder begruewen: "Moi, je veux tout, tout de suite, – et que ce soit entier, ou alors je refuse !"

Hiren idealistesche Kampf gëtt deemno och e Symbol fir de passionéierten Engagement vun de Jonken, déi sech haut asetze géint déi vill Krisen, déi d'Mënschheet grad duerchlieft.

D'Première vun "Antigone" mam Anne Brionne, Denis Jousselin, Juliette Moro, Elsa Rauchs an Nora Zrika ass den 6. Februar.
Weider Virstellungen ginn et bis den 26. 2. am Théâtre du Centaure, den 10.3. am Kulturhaus Nidderanwen an de 25. Mee am Cube 521 zu Maarnech.