D’Beyonçé ass zanter dëser Nuecht déi Musekerin, déi am dackste mat engem Grammy ausgezeechent gouf.

4 Stéck huet si hënt zu Los Angeles gewonnen a kënnt domadder am ganzen op 32, där wichtegster Präisser an der Musekswelt.

De Rekord vu bis ewell hat den ungaresch-amerikaneschen Orchester-Dirigent Georg Solti, mat 31 Grammyen.

D’Zeremonie zu L.A. war an der Nuecht op e Méindeg fir déi 65te Kéier.

D’Viola Davis ass iwwregens dem exklusive Club vum EGOT bäigetrueden. Si krut nämlech e Grammy fir d’Audio-Versioun vun hire Memoiren, an huet domadder déi 4 grouss US-Titelen op d’mannst eemol gewonnen, also en Oscar, en Emmy, en Tony, an elo dann och e Grammy.

D'Lidd vum Joer ass "Just like that" vum Bonnie Raitt.

Album vum Joer ass "Harry's House" vum Harry Styles.

RTL

Eng Première gouf et dann fir d'Stephanie Economou, déi de Soundtrack fir d'Videospill "Assasin's Creed - Valhalla: Dawn of Ragnarok" geschriwwen huet. Si ass nämlech déi éischt Komponistin, déi den neie Grammy fir d'Musek an engem Videospill krut. D'Museksindustrie wëll mat dësem neien Award de groussen Impakt vun de Videospiller op déi aktuell Kultur honoréieren.