D'Antigone ass net just eng vun deene bekanntste Fraefigure vum griicheschen Dichter Sophokles, ma och vun der europäescher Theatergeschicht.

Vun e Méindeg den Owend un huet d'Antigone och hir Plaz op der Bün vum Théâtre du Centaure. Nom Text vum franséischen Auteur Jean Anouilh huet de Regisseur Antoine de Saint Phalle d'Tragedie an e neie Kontext transforméiert an d'Handlung an dat 21. Joerhonnert verluecht. Nodeems dem Antigone säi Papp Oedipus sech ëmbruecht huet a seng zwee Bridder Polyneikes an Eteokles am Kampf ëm den Troun ëm d'Liewe komm sinn, ass säi Monni Kreon zum neie Kinnek vun Theben ginn. Entgéint sengem Verbuet, begrieft d'Antigone säi Brudder Polyneikes an hëlt domat d'Doudesstrof a Kaf.

D'Geschicht spillt am Joer 2050, zu enger Zäit, an där sech sozial a politesch Krisen iwwerschloen an d'Mënschheet sech hannert de Mauere géint eng erdréckend Hëtzt schütze muss. De Regisseur zitt a senger Inzenéierung Parallellen zur Géigewaart a mécht d'Antigone zum Symbol fir eng engagéiert Jugend, déi fir eng besser Welt kämpft.

Déi jonk Actrice Nora Zrika klëmmt an d'Roll vun där jonker Fra, déi bereet ass, fir hir Iwwerzeegungen ze stierwen.

Nach bis de 26. Februar gëtt Antigone am Théâtre du Centaure gespillt. Duerno zitt d'Stéck da weider an d‘Kulturhaus Nidderaanwen an op Maarnech an de Cube 521.

Méi Detailer fannt Dir op theatrecentaure.lu.