Zënter 10 Joer besteet an Däitschland d'Initiativ "Der besondere Kinderfilm", an där sech eng Rei Institutiounen aus der Filmbranche zesummegedoen hunn.
Dës Initiativ entwéckelt a fërdert net just original Filmstoffer fir Kannerfilmer, aus hir geet och déi Lëtzebuerger Koproduktioun "Mission Ulja Funk" ervir, déi deelweis an der Schoul zu Gaasperech gedréint gouf, mat Luc Feit an enger markanter Roll.
Dat 12 Joer jonkt Ulja ass eng begeeschtert Astronomin an huet erausfonnt, dass a Wäissrussland deemnächst e Meteorit eroffält. Do heescht et elo op der Plaz ze sinn, wann dat passéiert. D'Ulja ass mat senger däitsch-russescher Famill, Member vun enger konservativer, kreationistesch ugehauchter sougenannter Freikirche, an där d'Masse fir d'Kanner éischter enger Talentshow gläichen, se all op de Retour vum Herrgott waarden an alles Wëssenschaftleches verpönt ass. Esou confisquéiert déi besonnesch konservativ Groussmamm zesumme mam Paschtouer - gespillt vum Luc Feit - dem Ulja seng Instrumenter a säi Computer. Trotzdeem mécht d'Ulja sech op de Wee a Wäissrussland mat Hëllef vum Henk, deen zwar manner intellektuell, dofir awer ëmsou waarmhäerzeg an debrouillard ass. Esou skurril wéi d'Kierchegemeinschaft duergestallt gëtt, déi d'Verfolgung vun de Kanner ophuelen an dobäi ënnerwee reegelméisseg Passagéier verléieren, esou faarweg an turbulent ass de ganze Film. En originelle Roadmovie mat ville witzegen Afäll, Slapstick-Nummeren a Running Gags. De Film huet e flotte Rhythmus drop an et gëtt net alles laang a breet erkläert - wéi an esou villen anere Kannerfilmer - sou dass zum Schluss vum Film eng Diskussioun mat de Kanner interessant dierft ginn, iwwert d'Personnagen an d'Thema Relioun géint Wëssenschaft. Hannert der Komik ass nämlech villes manner iwwerflächlech, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit.