E Gesamtandrock vun enger Géigend, där hir Geschicht an Identitéit op béid Säite vun der Grenz gläichermoossen verwuerzelt sinn.

D’industriell Vergaangenheet vun eisem Land ass a bléift en Thema, dat gären an der lokaler Kulturzeen opgegraff gëtt. Sou setzt sech och d’Ausstellung "Traversée" am Pavillon du Centenaire vun der Galerie Schlassgoart zu Esch mat deem Sujet auseneen.

"Et ass awer keng Ausstellung iwwert d'Geschichte vun der Siderurgie", erkläert d'Nathalie Becker vun der Galerie Schlassgoart, "et geet drëms d'Entwécklung vum Territoire an vun der Realitéit vun den Awunner zanter der Rekonversioun ze weisen."

RTL

© Galerie Schlassgoart

Mat "Rekonversioun" mengt d'Nathalie Becker de wirtschaftleche Wiessel, deen ëm 1970 stattfonnt huet. Den industrielle Secteur sollt zugonschte vun dem Finanzsecteur ofgesat ginn. Zwar ass dëse Wiessel a villen Hisiichte vir de Grand-Duché eng richteg Success Story, vir d'Territoiren an d'Mënschen, déi vun der Industrie ofhängeg waren, hat et en anere Bäigeschmaach. E Kontrast, deen och an der Landschaft spierbar ass.

"Et ass keng glamouréis Géigend, et gi vill verloosse Frichen, Cité Dortoiren, mee et läit un eis, dës Regioun op béid Säite vun der Grenz erëm opzewäerten", sou d'Nathalie Becker.

RTL

© Galerie Schlassgoart

En Wëllen, deen d'Ausstellung unhand vun Ateliere mat Lëtzebuerger a franséische Lycéeën duerchsetzt. De Fotograf Patrick Galbats huet d'Schüler hier Regioun fotograféiere gelooss an d'Resultat am Kader vun der Ausstellung ausgestallt. Sou sollt dem Publik en zäitgenëssesche Bléck erlaabt a gläichzäiteg den Interêt vun der néier Generatioun vir dësen Territoire gestäerkt ginn.

D'Ausstellung "Traversée" leeft nach bis den 23. Februar, dat am Pavillon du Centenaire vun der Galerie Schlassgoart zu Esch.