Esch22 deelt d'Resultater vun enger Etüd iwwert de positiven Impakt vum Kulturjoer op d'Regioun Minett mat.

An engem Communiqué, deen Enn Februar verëffentlecht gouf, leeën d'Organisateure vun Esch22 d'Resultater vun enger Etüd vir, déi den Impakt vun Esch22 op d'Regioun Minett virweist.

Aus där Recherche, déi an Zesummenaarbecht mam ILRES verfaasst gouf, liest een eraus, datt d'Kulturjoer 2022 d'Bild vun der Regioun staark revaloriséiert an dozou bäigedroen hätt, d'Potenzial vum Site Belval als touristesch Uertschaft an Kulturzenter ze ënnersträichen.

Doriwwer eraus halen 83 Prozent vun de Visiteure vun Esch22, sou d'Etüd, e positive Souvenir vum Kulturjoer. E Souvenir, deen och e laangfristegen Impakt op d'Gewunnechte vun de Leit hätt. Sou hu 50 Prozent vum Public vun Esch22 uginn, d'Evenement hätt hiren Interessi fir kulturell Veranstaltungen däitlech gestäerkt.

Zesummegefaasst geet ervir, datt Kulturhaaptstad eng Bréck tëschent enger gewëssener Elite an engem éischter Kulturscheie Publikum gebaut an d'Identitéit vum Süde vum Land beräichert hätt.

Déi detailléiert Resultater aus de Recherchen fannt dir um Site vun Esch22 an ënnert dësem LINK.