D'Lëtzebuerger Realisatrice Laura Schroeder war mat hirem viregte Film "Barrages" viru 6 Joer op der Berlinale an der Niewesektioun "Forum" selektionéiert.
Elo weist se hiren neiste Film "Maret" an der Kompetitioun vum LuxFilmFest. De Joy Hoffmann huet de Film ënnert d'Lupp geholl.
D'Maret leit ënnert partieller Amnesie a ka sech un näischt méi aus hire leschten 20 Joer erënneren. No an no versicht si erauszefannen, wat fir eng Zort Mënsch si eigentlech war, an dobäi kënnt net vill Erfreeleches eraus. Si hätt elo, duerch e neurochirurgeschen Agrëff d'Méiglechkeet, zu engem besseren an zefriddene Mënsch ze ginn.
Eigentlech kéint dëst en interessant Thema sinn iwwer d'Essenz a Selbstbestëmmung vum Mënsch, iwwer Ethik, Moral a Wëssenschaft. Mee nee. D'Laura Schroeder huet decidéiert, hiren introvertéierte Personnage an d'Lavawüst vu Lanzarote ze schécken, op der Sich no hirer Personalitéit. Dobäi hätt d'Maret sech kënne bei hirer beschter Frëndin an hiren Elteren ëmfroen, an dat direkt um Ufank vum Film amplaz zum Schluss.
Da wären engem dat laangt Wandere vu Plaz zu Plaz, déi eidel Blécker duerch Fënstere, mat oder ouni Rideau, erspuert bliwwen. Iergendwéi fënnt een awer no a no eraus, dass si muss e gestéiert Verhältnis zu Männer gehat hunn, well wuel hiert Ënnerbewosstsinn hir de Rejet vun alle Männer diktéiert, déi si begéint. Soss ass deen laange rituellen Danz, dee plëtzlech out of nowhere opdaucht, typesch fir de ganze Film: De Spectateur kritt kaum eng Anung, wat am Kapp vun dem Personnage oder der Realisatrice virgeet. De Film ass a sengem luese Rhythmus a senger Form op d'mannst koherent a konsequent, mee dat ass, trotz den affichéierten Ambitiounen an der gudder Interpretatioun vum Susanne Wolff, net duergaangen, fir eng Selektioun an engem vun de sëllegen internationale Festivaller ze ergatteren. Dass elo de LuxFilmFest aspréngt, ass erstaunlech, sinn dach Qualitéitskrittäre vum Lëtzebuerger Festival, fir an der Kompetitioun matzemëschen, normalerweis bedeitend méi exigent.