
© RTL Grafik
Bis den 18. Mäerz kann een an der Galerie Valerius d'Welt duerch d'Ae vum Martin Paaskesen erblécken. Tëscht rau Nostalgie a kannereg Verdreemtheet.
Dem Martin Paaskesen seng Biller kuckt een, ewéi wann een duerch Erënnerunge spadséiert. Et schwankt ee stänneg tëscht abstrakte Gefiller a konkrete Personnagen. Meeschtens sinn et Déieren - Tigeren, Delfinen, en Iesel - heiansdo awer och Objeten aus dem Alldag ewéi Kaffistasen, déi op e Collage aus Leinwandstécker gezeechent sinn.
Den opwännege Choix, d'Bild mat klenge Stécker Leinwand ze bedecken, sollt un déi ustrengend Aarbecht vum Kënschtler sengem Papp erënneren. Och hei beweegt ee sech an der verschwommener Realitéit vun der Erënnerung. De pixeliséierten Aspekt, deen dës Technik de Biller gëtt, hieft genau dee verschwommene Charakter ervir, dee vergiesse Souvenire charakteriséiert.
Dat selwecht gëllt och vir de Pinselstréch vum Paaskesen. Deen ass gewollt graff, verspillt, bal kannereg. A Kombinatioun mat der rauer Leinwand, kritt déi Approche e poetesche Charakter, dee sech duerch déi ganz Kollektioun zitt. E Stil, deen een un den amerikaneschen Zeechner, CY Twombly erënnere kéint.
Bis den 18. Mäerz, kann ee sech dem Martin Paaskesen seng Wierker an der Galerie Valerius an der Stad ukucken.

© Martin Paaskesen