Den Documentaire "Speer goes to Hollywood", handelt vum héichrangegem Nazi Albert Speer sengem Versuch, sech nom Krich als onschëlleg duerzestellen.

Setzt ee sech mam Zweete Weltkrich a mat senge Protagonisten ausenaner, falen engem eng ganz bestëmmte Rei Nimm an. Albert Speer gehéiert net onbedéngt zu den éischten, déi dobäi opkommen. Dat zu onrecht.

Als Architekt war de Speer dofir zoustänneg, Berlin sou ëmzebauen, datt d'Haaptstad dem Gréisstewan vun der nationalsozialistescher Ideologie entsprécht. Als Minister fir Arméierung a Munitioun, war hie fir dat - dackst déidlech - Schicksal vu Millioune vun Zwangsaarbechter responsabel. Eng Karriär an der NSDAP, déi de Speer nom Krich verheemleche wollt.

Bei de Prozesser vun Nürnberg war de Speer der Doudesstrof entkomm a gouf zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt. An där Zäit huet hien dunn seng Autobiographie, "Erinnerungen", verfaasst. E Wierk, dat sech engersäits doduerch charakteriséiert, datt den Auteur sämtlech Krichsverbrieche vum Drëtte Räich a seng Verantwortung un dëse verschweigt. Jore spéider sollt aus deem Buch e Film entstoen, deen de Publik entgülteg vum Albert Speer senger scheinbarer Onschold iwwerzeege sollt.

RTL

© Courtesy of Realworks Ltd.

A genau dee Versuch, sech duerch en "Documentaire" als onschëlleg duerzestellen, weist de Film, "Speer goes to Hollywood". Unhand vun Tounbänner, Bild- an Archivmaterial verfollegt de Spectateur dem Speer säi Versuch, ee vun den donkelste Kapitele vun der Mënschheetsgeschicht nei ze schreiwen.

Beim Film huet déi israeelesch Journalistin an Domentaristin Vanessa Lappa Regie gefouert. 2014 hat d'Regisseurin mat "Der Anständige" schonn e Film iwwert den Heinrich Himmler, erausbruecht.

"Speer goes to Hollywood" ass net nëmmen e relevanten historesche Film, mä och en interessanten Diskussiounsusaz a Punkto Fake News, Informatiounsmanipulatioun an d'Roll vun der Architektur an onser Gesellschaft.

"Speer goes to Hollywood" leeft den 15. März an de Rotonden am Kader vum "Wat ass Architektur?" Programm zesumme mam luca - Luxembourg Center for Architecture