"Café Terminus" ass eng poetesch Dystopie vun eisem Land a feiert den 9. Mäerz am TNL seng Uropféierung.

16 Joer sinn et nach, da feiert Lëtzebuerg 200 Joer Onofhängegkeet. Wéi d'Situatioun da wäert sinn, dat weess keen, ma den Theaterregisseur an Auteur Frank Hoffmann huet sech scho mol een Zenario ausgeduecht. A sengem Text verschafft hie Motiver aus dem Stéck "Der Eismann kommt "vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O'Neill:

Mir sinn am Joer 2039. Lëtzebuerg a seng Gesellschaft sinn an enger uerger Kris. Aus Verzweiwlung an Angscht virun der Situatioun dobaussen, hu sech eng Partie Leit an en ale Café zeréckgezunn. Et si Figuren aus alle Schichten, déi an hiren Illusioune liewen, zesumme streiden, laachen a virun allem drénken am Café Terminus.

De Gros vun de Figure sinn Alkoholiker, ratéiert Existenzen, déi am Café Terminus zesumme vun engem bessere Muer dreemen, bis enges Dages och hir kleng protegéiert Welt un d'Wackele kënnt.

D'Theaterstéck "Café Terminus" ass genee wéi seng Figuren tragesch a komesch zugläich. Et ass e Stéck, dat eiser Gesellschaft de Spigel virhält a wichteg wann och onbequeem Froen opwerft.

Am TNL gëtt nach bis de 25. Mäerz gespillt. Mëtt Mee ass dëst Stéck dann awer och am CAPE zu Ettelbréck ze gesinn.